
Et war eng vun de schwieregste Rallyen zu Monte Carlo an de leschte Joren: Äis, Schnéi a kal Temperaturen hunn de Fuerer d’Liewen a Südfrankräich schwéier gemaach. Den Oliver Solberg huet sech dovun net beandrocke gelooss an huet seng éischt Course als Toyota-Fuerer gewonnen. De 24 Joer ale Schweed ass mat de Konditiounen am beschten zurechtkomm an huet sech zum jéngste Gewënner vun der Rallye Monte Carlo gekréint. Seng Teamkolleegen Elfyn Evans (+ 51,8) an den néngfache Weltmeeschter Sébastien Ogier (+ 1:10,4) koumen op de Podium, woumat Toyota eng dräifach Victoire feiere konnt. Den Thierry Neuville op Hyundai (+ 4:30,5) koum hannert sengem Teamkolleeg Adrien Fourmaux (+ 3:57, 1) als Fënneften un.
D’Manche war en Donneschdeg an de franséischen Alpe gestart a schonn do konnt de Solberg säi Kënnen ënner Beweis stellen. Hie louch op all de véier Kompetitiounsdeeg op der éischter Plaz. An och Réckschléi wéi e Platten oder en Dréier um Äis konnten de Schweed net ophalen.
Fir Ford war d’Rallye Monte Carlo dogéint en Debakel. Zënter 2002 hat d’Ecurie M-Sport-Ford beim Saisonsoptakt ëmmer Punkten an der Konstrukteurswäertung sammelen. Dës Serie sollt duerch den Ausfall vun hire Fuerer Josh McErlean, Jon Armstrong a Grégoire Munster soll räissen. De Munster konnt e Sonndeg wéinst engem techneschen Defekt net méi un den Depart goen. De Lëtzebuerger ass dës Course nach matgefuer, huet bei Ford awer kee Kontrakt méi kritt fir dës Saison.