D'Course live dëse Sonndeg um 11.50 Auer op RTL ZWEE an RTL PlayPorsche Supercup Spielberg

RTL Lëtzebuerg
Drëtte Manche am Porsche Supercup. Packt de Lëtzebuerger Chester Kieffer och zu Spielberg de Sprong op de Rookie-Podium?

Am Porsche Supercup hunn déi Piloten, déi hir éischte Saison fueren, eng eege Rookie-Wäertung. An den zwou éischte Manchen zu Monaco respektiv Barcelona konnt den Chester Kieffer béid Kéieren op de Rookie-Podium fueren. De Schumacher-CLRT-Pilot läit esou an der Rookie-Tabell op der drëtter Plaz. Elo geet et op Spielberg. Den Chester Kieffer kennt dësen usprochsvolle Circuit schonn aus dem däitsche Carrera Cup, wou hien am Abrëll eng Rookie-Victoire feiere konnt.

Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP SPIELBERG 2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Login, fir de Porsche Supercup am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY elo mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Highlights vun de Porsche-Supercup-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an RTL Play Sonndeg, 28. Juni 2025:
Ufank vun der Emissioun: 11h50
Depart vun der Course: 11h55
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h40
Commentaire: Tom Nols

Saison-Kalenner 2026

Back to Top
CIM LOGO