Basketball-ChampionnatDiddelenger Damme ginn an der Finall 1:0 a Féierung, wichteg Victoire fir de Racing

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war den Optakt vun der Dammefinall an der Enovos League. Dës Serie gëtt am Best-of-Five-Modus gespillt.
© Christophe Hochard

Dammen

Den T71 Diddeleng geet an der Finall-Serie 1:0 a Féierung, no enger däitlecher 107:72-Victoire an eegener Hal géint den AB Contern. Séiere Basket mat ville Punkten hunn d'Supporter vun Ufank u gesinn, op béide Säite si vill Wërf gefall an den T71 louch nom éischte Véierel 25:22 a Féierung. Den zweete Véierel huet Diddeleng nach e Gank eropgeschalt an am Ganze 35 Punkten an dësen 10 Minutte geworf, an der Paus war de Virsprong fir d'Lokalekipp schonn däitlech (60:42).

Conter sollt sech net méi zeréck an d'Partie kämpfen, ze staark ass déi Diddelenger Attack gedréint an de Virsprong gouf och am drëtte Véierel weider ausgebaut. Um Enn huet d'Lokalekipp insgesamt 16 Dräier getraff an de Match kloer fir sech entscheet. D'Shalonda Winton konnt 26 Punkte markéieren, d'Lauren Van Kleunen (24), d'Catherine Mreches (19) an d'Svenia Nurenberg hunn och zweestelleg getraff.

Hären - Playdown

Am Ofstigsgrupp bei den Häre séchert sech de Racing Lëtzebuerg eng wichteg 87:82-Victoire géint Mambra Mamer a spréngt domat, zwee Spilldeeg viru Schluss, an der Tabell un d'Spëtzt. Mat 33 Punkten huet den Antunio Bivins eng weider Kéier iwwerzeegt, d'Gäscht hunn de leschte Véierel 26:14 gewonnen an d'Partie esou gedréint.

Um Samschdeg hate sech d'Musel Pikes däitlech mat 94:74 auswäerts géint den AB Contern duerchgesat. 30 Punkte goungen op de Kont vum Jaylen Key.

Nationale 2

Am Playoff vun der zweeter Divisioun wënnt de Gréngewald Hueschtert mat 81:77 géint Hiefenech a steet ee Spilldag viru Schluss op enger Opstigsplaz. Nächste Weekend wäert um leschte Spilldag d'Entscheedung tëschent béide Veräiner falen. Zolwer ass bekanntlech schonn an d'Enovos League opgestigen.

Back to Top
CIM LOGO