
U sech hat d'Fiels virun e puer Woche matgedeelt, datt den Karolis Abramavicius och déi nächste Saison als Headcoach vun den Hären an d'Saison wäert starten. Elo awer hu perséinlech Ëmstänn dozou gefouert, datt hie säin Engagement beim Basketveräin net weider ausféiere kann.
D'Arantia respektéiert dës Decisioun a seet dem Abramavicius Merci fir déi zwee Joer, déi hie d'Ekipp gecoacht huet, heet et an engem Post op Facebook. Ënnert him konnten d'Hären d'Coupe gewannen an d'U22 sech de Championstitel sécheren.
D'Fiels huet am Laf vum Owend dann och direkt den neie Cheftrainer virgestallt. Den Daniel Brandão, dee schonn zu Käerjeng an zu Steesel um Trainerposte souz, wäert de Posten iwwerhuelen. Nieft den Häre wäert hien och d'U22 an d'U18 betreien.