Basketball: EM-QualifikatiounLëtzebuerger Damme verléieren no Verlängerung géint Bosnien Herzegowina

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg huet d'Dammennationalekipp de sechsten a leschte Match vum éischten Tour vun der EM-Qualifikatioun gespillt.
© FIBA

Scho virum Auswäertsmatch géint Bosnien Herzegowina stoung fest, dass Lëtzebuerg sech als Gruppenzweete fir den zweeten Tour qualifizéiert huet. Meynadier, Etute a Simon hunn dofir gesuergt, dass d’Rout Léiwinnen e staarke Start an d’Partie haten, Lëtzebuerg louch no ronn 7 Minutte mat 22:8 a Féierung. Bosnien Herzegowina huet no enger Auszäit reagéiert an de Réckstand Punkt fir Punkt opgeholl. Am zweete Véierel huet d’FLBB-Selektioun offensiv net méi esou gutt getraff an d’Lokalekipp konnt mat enger knapper 37:36-Féierung an d’Paus goen.

Nom Säitewiessel huet sech eng spannend Partie entwéckelt. Lëtzebuerg huet vill Wërf aus der Distanz getraff an ass doduerch am Match bliwwen. An der regulärer Spillzäit hat Lëtzebuerg mat der leschter Aktioun d’Méiglechkeet fir d’Entscheedung ze suergen, d’Ekipp huet de Ball allerdéngs verluer an et ass an d’Verlängerung gaangen. An de fënnef Extra-Spillminutte war Bosnien Herzegowina méi staark a wënnt um Enn mat 81:73. Magaly Meynadier (16 Punkten), Isi Etute (14), Esmeralda Skrijelj (13) an Anne Simon (12) hu bei Lëtzebuerg zweestelleg getraff. Insgesamt huet d’FLBB-Selektioun an dëser Qualifikatioun dräi vu sechs Matcher fir sech entscheet.

Resultater:
Irland – Lëtzebuerg 53:69
Israel – Lëtzebuerg 77:65
Lëtzebuerg – Bosnien-Herzegowina 75:39
Lëtzebuerg - Irland 85:73
Lëtzebuerg - Israel 52:76
Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg 81:73

Tabell am Grupp A:
Israel 6 Matcher / 12 Punkten
Lëtzebuerg 6 / 9
Irland 6 / 8
Bosnien Herzegowina 6 / 7

Back to Top
CIM LOGO