De Podium gouf vum Scott Thiltges an dem Belsch Loic Hennaux komplettéiert.

Zu Miersch hat den Dippecher Veräin e Samschdeg e regionale Cyclocross organiséiert. Dat op dem nämmlechte Parcours, op deem den 11. Januar och déi national Meeschterschafte gefuer sinn. Bei der Espoirs/Elite-Course konnt sech den Tristan Parotta am Sprint virum Scott Thiltges duerchsetzen. Op die 3. Plaz koum de Belsch Loic Hennaux.

Bei den Juniore war den Tom Paquet dee Séiersten a bei den Debutante war den Mathieu Kockelmann dee Beschten. D'Nina Berton war déi séiersten Damm.