Gewonne gouf d'Course vum Belsch Piet Allegaert, dat virum Fransous Florian Sénéchal an dem Belsch Jasper Stuyven.

Bei der Eendages-Course Tour de l'Eurométropole waren e Samschdeg dräi Lëtzebuerger am Asaz. De Colin Heiderscheid (Leopard Pro Cycling) koum als beschte Lëtzebuerger op 2 Minutten als 32. op d'Arrivée - zäitgläich koum och den Arthur Kluckers (Leopard Pro Cycling) als 66. un. Den Alex Kirsch (Trek Segafredo) hat als 87. ee Retard vu bal 3 Minutten op deen 1.

Schlussvainqueur iwwer déi 176 Kilometer vu La Louvière op Tournai war de Piet Allegaert. De Belsch konnt sech virum Fransous Florian Sénéchal a sengem Landsmann Jasper Stuyven am Sprint duerchsetzen.

Topp 10

1 ALLEGAERT Piet Sport Vlaanderen - Baloise
2 SÉNÉCHAL Florian Deceuninck - Quick Step
3 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo
4 VAN ASBROECK Tom Israel Cycling Academy
5 DUVAL Julien AG2R La Mondiale
6 LIEPIŅŠ Emīls Wallonie-Bruxelles
7 KOCH Jonas CCC Team
8 DE BONDT Dries Corendon - Circus
9 RUSSO Clément Team Arkéa Samsic
10 NÕMMELA Aksel Wallonie-Bruxelles