Zweete gouf de Scott Thiltges virum Victor Thomas aus Frankräich.

Bei der Elite konnt sech de Lex Reichling d'Victoire beim regionale Cyclocross zu Mamer sécheren. De Coureur vum VV Tooltime hat um Enn 17. Sekonnen Avance op de Scott Thiltges. Drëtte gouf de Victor Thomas aus Frankräich. De Vincent Dias Dos Santos, dee sech esouwuel 2017 ewéi och 2018 d'Victoire séchere konnt, koum um Enn op déi 7. Plaz.
De Raphaël Kockelmann war als 5. beschte Lëtzebuerger Espoir, Séiersten Damm war d'Marie Schreiber.