Den Tour de France soll wéi schonn ugekënnegt vum 29. August bis den 20. September gefuer ginn.

Um Dënschdeg huet d'UCI den néie Kalenner vun de WorldTour-Courssen offiziell bekannt ginn. De Programm steet aktuell awer nach op ganz wackelege Been.

Den Tour de France ass wéi schonn annoncéiert vum 29. August bis den 20. September. Parallel wier och den Tour de Luxembourg vum 15. bis den 19. September.

Datt béid Coursse sech iwwerschneiden, ass wuel net dramatesch, allerdéngs géif am neie Kalenner vun der UCI eréischt een Dag virum Tour duerch Lëtzebuerg den Tirreno Adriatico op en Enn goen.

Fir den Ed Buchette, Member vun der Organisatioun vum TDL dierf een och net vergiessen wéi een ekonomeschen Impakt eng Vëloscourse mat sech bréngt.

"Et ass ee ganz wichtege Facteur, wann ee bedenkt, wat sou eng Manifestatioun och ronderëm beweegt. D'Hoteller, déi zum Beispill deen Ament beluecht sinn, schonn eleng beim Skoda Tour sinn dat eng 250 Hotelszëmmere wärend enger Woch, dat si mindestens 1200 Nuechten, dat ass schonn ee groussen Impakt."

Den Ed Buchette

De Giro d'Italia gëtt vum 3. bis de 25. Oktober gefuer an d'Vuelta steet vum 20. Oktober bis den 8. November um Programm.

Och déi grouss Klassiker wéi Mailand-Sanremo, Léck-Baaschtnech-Léck, den Tour des Flandres, Paris-Roubaix an den Tour de Lombardie sinn tëscht dem 8. August an dem 31. Oktober geplangt.

Den adaptéierte WorldTour-Kalenner:

AUGUST
1. August: Strade Bianche
5. bis 9. August: Polen-Tour
8. August: Mailand-Sanremo
12. bis 16. August: Critérium du Dauphiné
21. bis 23. August: Lëtzebuerger Championnat
16. August: Prudential RideLondon-Surrey Classic
25. August: Bretagne Classic
29. August bis 20. September: Tour de France

SEPTEMBER
7. bis 14. September: Tirreno-Adriatico
8. bis 14. September: Tirreno-Adriatico
11. September: Grand Prix Cycliste de Québec
13. September: Grand Prix Cycliste de Montréal
23. September: WM-Eenzelzäitfueren
27. September: WM-Course en Ligne
29. September bis 3. Oktober: BinckBank Tour
30. September: Flèche Wallonne

OKTOBER
3. bis 25. Oktober: Giro d'Italia
4. Oktober: Liège-Bastogne-Liège
10. Oktober: Amstel Gold Race
11. Oktober: Gent-Wevelgem
14. Oktober: Dwars door Vlaanderen
15. bis 20. Oktober: Tour of Guangxi
18. Oktober: Tour des Flandres
20. Oktober bis 8. November: Vuelta a Espana
21. Oktober: Bruges-De Panne
25. Oktober: Paris-Roubaix
31. Oktober: Tour de Lombardie