
Bei den Dammen ass d’Entscheedung an der Oude Kwaremont 18 Kilometer virun der Arrivée gefall. D’Hollännerin Demi Vollering huet zu Attack ugesat. Awer weder Pauline Ferrand Prévot (2. Plaz), Puck Pieterse (3. Plaz) nach d’Lotte Kopecky, daat bis ewell dräi mol den Tour des Flandres gewonnen huet, konnten d’Hannerrad halen. Sie klasséiert sech mat iwwer 1 Minutt Retard op der 4. Plaz.
D’Lëtzebuergerin Nina Berton (EF Education-Oatly) klasséiert sech mat engem Retard vu 6 Minutten an 53 Sekonnen op der 34. Plaz.
Et ass de 60. Erfolleg an der Karriär vum Demi Vollering awer déi 1. Kéier dass d’Hollännerin de grousse Klassiker Tour des Flandres gewënnt.
Bei den Hären huet den Tadej Pogacar der Konkurrenz keng Chance gelooss. Den Detail vun der Course kennt dir hei noliesen.
1 Vollering Demi FDJ United – SUEZ 4:16:37
2 Ferrand-Prévot PaulineTeam Visma | Lease a Bike 0:42
3 Pieterse Puck Fenix-Premier Tech ,,
4 Kopecky Lotte Team SD Worx – Protime 1:04
5 Bäckstedt Zoe CANYON//SRAM zondacrypto ,,
6 Swinkels Karlijn UAE Team ADQ ,,
7 Persico Silvia UAE Team ADQ 1:07
8 Longo Borghini Elisa AE Team ADQ ,,
9 Bredewold Mischa Team SD Worx – Protime 1:58
10 Koch Franziska FDJ United – SUEZ ,,
34 Berton Nina EF Education-Oatly +6:53