CyclissemDan Lorang a Red Bull - BORA - hansgrohe ginn no 10 Joer getrennte Weeër

Sam Rickal
Enn Juli geet dem 46 Joer ale Lëtzebuerger seng Aventure bei der däitsch-éisträichescher Ekipp op en Enn.
© BRH

Den Dan Lorang ass ee vun den aacht Trainere bei der Ekipp Red Bull - BORA - hansgrohe, bei där ënner anerem och de fréiere Weltmeeschter an Olympia-Gewënner Remco Evenepoel an de Florian Lipowitz, den Drëtten aus dem Tour de France vum leschte Joer, ënner Kontrakt stinn. An der Lescht war de 46 Joer ale Lëtzebuerger och am Red Bull Athlete Performance Center aktiv.

De Ralph Denk, de CEO vu Red Bull - BORA - hansgrohe, huet dem Lëtzebuerger op hirem Site Merci gesot: “Als éischte Performance Coach vun eiser Ekipp huet den Dan zanter der Saison 2017 dozou bäigedroen, datt eise Wee bis an d’Spëtzt vun der WorldTour gaangen ass an hien huet eis Athleten a senger Entwécklung begleet. Seng Decisioun bedaueren ech, ech respektéieren awer säi Wonsch no Verännerung. D’Offenheet a Fairness hunn eis Partnerschaft ëmmer gekennzeechent. Fir säi weidere Wee ausserhalb vum Coach an ausserhalb vun eiser Struktur wënschen ech dem Dan alles Guddes.”

Wou d’Rees fir de Lëtzebuerger nom Juli higeet, ass nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO