VëlossportDräi Lëtzebuerger bei der Volta Ciclista a Catalunya

Chrëscht Beneke
Zanter 1911 gëtt d’Volta Ciclista a Catalunya schonns gefuer. Dës Kéier waren och dräi Lëtzebuerger mat um Start.
Dräi Lëtzebuerger bei der Volta Ciclista a Catalunya
Zanter 1911 gëtt d’Volta Ciclista a Catalunya schonns gefuer. Dës Kéier waren och dräi Lëtzebuerger mat um Start.

Zanter 1911 gëtt d’Volta Ciclista a Catalunya schonns gefuer. Um Start vun der 105. Editioun waren all d’Ekippen aus dem World Tour mat groussen Nimm wéi dem zweefachen Tourgewënner Jonas Vingegaard, mam Florian Lipowitz, Oscar Onley a Felix Gall an donieft d‘Olympiagewënner Remco Evenepoel an Thomas Pidcock. Um Enn huet awer de Jonas Vingegaard mat 1:22 Minute Virsprong souverän gewonnen. Ënnert den 161 Cycliste waren awer och dräi Lëtzebuerger.

Als spuenescht Proteam krut Kern Pharma eng Wild Card, esou dat de Mats Wenzel eng zweete Kéier a Katalounien konnt starten. 2025 gouf hie mat zwou laangen Echappéeën Zweeten an der Biergwäertung. Och dëst Joer war hien an zwou Biergetappen an der Echappée. Um leschten Dag op dem leschten Tour iwwert den Olympiabierg zu Barcelona gouf de 23 Joer ale Cyclist awer iwwerronnt. Esou guer fir d’éischte Kéier war de Mathieu Kockelmann an enger Etappecourse vun der World Tour mat dobäi. Och d’Flaachetappe ware mat iwwert 2.000 Héichtemeter usprochsvoll an de 22-Järegen huet heiansdo vill Zäit verluer, op der schwéierer Biergetapp an d’Schigebitt vu La Molina missten opginn. Mat enger 17. Platz op der zweeter an esou guer 7. Platz op der véierter Etapp konnt hie sech awer och emol am Sprint weisen.

Fir de Bob Jungels war et a senger 14. Saison am World Tour dogéint déi drëtte Participatioun an der Volta. Hien huet eng staark Ekipp Ineos-Grenadiers zu zwou Etappevictoire geleet, ma och de Giro d’Italia präparéiert. Op déi lescht siwe Ronnen zu Barcelona hat hien du verzicht. Mat dem Giro an der Vuelta a España huet den 33 Joer ale Cyclist dëst Joer zwee Grand Tours op sengem Programm a nach ee grousst Zil.

Back to Top
CIM LOGO