Omloop Het NieuwsbladKevin Geniets gëtt den excellenten 9. bei der Victoire vum Ballerini

RTL Lëtzebuerg
Am Sprint konnt sech den Italiener géint den Jake Stewart an de Sep Vanmarcke duerchsetzen, de Kevin Geniets gouf um Enn de staarke 9.
Ballerini wënnt Semi-Klassiker Omloop Het Nieuwsblad
De Kevin Geniets ass op déi ganz staark 9. Plaz gefuer.

Beim belsche Semi-Klassiker Omloop Het Nieuwsblad goung et iwwer 201 Kilometer vu Gent op Ninove. Aus Lëtzebuerger Siicht ware mam Jempy Drucker, mam Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets, mam Alex Kirsch a mam Tom Wirtgen direkt 4 Coureuren um Depart.

Um Enn sollt d’Entscheedung am Sprint falen an hei war et den Davide Ballerini, deen déi stäerkste Been hat.

Beschte Lëtzebuerger war de Kevin Geniets, deen am Sprint no enger excellenter Leeschtung zäitgläich mam Gewënner deen 9. gouf.

Den Alex Kirsch gouf mat engem Retard vun 2 Minutten a 44 Sekonnen den 63., de Jempy Drucker koum op déi 82. Plaz a fir den Tom Wirtgen ass um Enn eng 87. Positioun erausgesprongen.

Bilan Courssen / Rep. Rich Simon

Bei den Dammen huet sech d’Anna van der Breggen d’Victoire geséchert. d’Christine Majerus ass als 26. iwwert d’Arrivée gefuer.

De Resumé

Kuerz nom Depart konnt sech een éischte 5 Mann grousse Grupp vum Peloton ofsetzen. Hei waren et de Yevgeniy Federov, de Ryan Gibbons, de Kenny De Ketele, de Bert De Backer an de Matis Louvel, déi sech eng tëschenzäitlech Avance vun iwwer 8 Minutten erausfuere konnten. Dëse couragéise Versuch sollt um Enn awer net vun Erfolleg gekréint sinn, de Spëtzegrupp gouf ronn 42 Kilometer virun der Arrivée erëm agefaangen.

Duerno konnt sech ee gréissere Grupp ofsetzen, zu dem ënnert anerem och de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets gehéiert hue. Am Col “Berendries” koum dunn déi éischten Attack aus dësem neie Spëtzegrupp. Hei war et de Weltmeeschter Julian Alaphilippe, dee sech vu senge Verfolger ofsetze konnt, dëst gutt 30 Kilometer virun der Arrivée. Ma och dëse Versuch ass net duergaangen a sou goung et am grousse Grupp op déi leschte knapp 20 Kilometer.

Um leschten Ofschnëtt vun der Course konnte sech keng Coureuren ofsetzen a sou sollt d’Entscheedung um Enn am Sprint falen. Hei war et den Davide Ballerini, dee sech duerchsetze konnt. Zweete gouf den Jake Stewart virum Sep Vanmarcke.

Ee ganz staarkt Resultat gouf et aus Lëtzebuerger Siicht fir den nationale Champion Kevin Geniets. Hie huet d’Course ëmmer nees animéiert an ass als 9. an der selwechter Zäit iwwert de wäisse Stréch wéi de Vainqueur.

Den Alex Kirsch gouf mat engem Retard vun 2 Minutten a 44 Sekonnen den 63., de Jempy Drucker koum op déi 82. Plaz a fir den Tom Wirtgen ass um Enn eng 87. Positioun erausgesprongen.

D’Top10

1 Davide Ballerini (Deceuninck-Quick Step)
2 Jake Stewart (Groupama-FDJ) +0:00
3 Sep Vanmarcke (Israel Start-Up Nation) +0:00
4 Heinrich Haussler (Bahrain Victorious) +0:00
5 Philippe Gilbert (Lotto Soudal) +0:00
6 Alex Aranburu (Astana-Premier Tech) +0:00
7 Florian Sénéchal (Deceuninck-Quick Step) +0:00
8 Matteo Trentin (UAE Team Emirates) +0:00
9 Kevin Geniets (Groupama-FDJ) +0:00
10 Nils Politt (BORA-hansgrohe) +0:00

Back to Top
CIM LOGO