
Op der 83. Editioun vum Klassiker Gent - Wevelgem ass et fir d’Coureuren iwwer 248 Kilometer vun Ypern op Wevelgem gaangen. Nieft der Ekipp Bora-Hansgrohe huet och Trek-Segafredo op Grond vu Corona-Fäll bannent der Ekipp net dierfen un den Depart goen.
An den éischte Kilometer vun der Course haten d’Coureure virun allem mam staarke Säitewand ze kämpfen. Mat der Zäit huet sech un der Spëtzt e grousse Grupp forméiert, an deem sech ënnert anerem de Wout Van Aert an de Sam Benett erëmfonnt hunn. Hannendrun huet sech awer e weidere grousse Grupp u Coureuren op d’Poursuite gemaach.
Um Kemmelberg huet sech de Spëtzegrupp da lues a lues opgeléist, ma déi 9 Coureuren déi iwwreg bliwwe sinn hu sech duerno gutt verstanen a sinn dowéinst och gutt virukomm. Dass de Sam Benett um Kemmelberg ze kämpfen hat huet ee spéider gemierkt, dat well hie sech kuerz no der Montée iwwerginn huet. Domat huet sech och seng Chance op eng méiglech Victoire geluecht.
Mat 7 Coureuren un der Spëtzt ass et dann an d’Schlussphas gaangen, déi kuerzfristeg op Grond vun engem Brand an engem Recyclingcenter an der Géigend vum Zil noutgedrongen ëmgeännert gouf. Um Enn hat de Wout Van Aert nach déi meeschte Kraaft an de Been a sou huet hie sech d’Victoire zu Wevelgem geséchert. Duerch dës Victoire ass hien de 50. belsche Coureur, deen dëse Klassiker fir sech entscheede kann.
1 Wout van Aert (Jumbo-Visma) 5:45:27
2 Giacomo Nizzolo (Qhubeka Assos) 0:00:00
3 Matteo Trentin (UAE Emirates) 0:00:00
4 Sonny Colbrelli (Bahrain-Victorious) 0:00:00
5 Michael Matthews (BikeExchange) 0:00:00
6 Stefan Küng (Groupama-FDJ) 0:00:00
7 Nathan Van Hooydonck (Jumbo-Visma) 0:00:00
8 Dylan van Baarle (Ineos Grenadiers) 0:00:52
9 Anthony Turgis (Total Direct Energie) 0:00:54
10 Gianni Vermeersch (Alpecin-Fenix) 0:01:25