E Mëttwoch war am Tour de France deen éischte richtegen Test fir d’Favoritten op d’Schlussvictoire. Um Menü stoung een Zäitfueren iwwer 27,2 Kilometer. De beschte Chrono ass um Enn den Tadej Pogacar gefuer. Fir hien ass d’Auer no 32 Minutte stoe bliwwen. De Stefan Küng ass mat engem Retard vun 19 Sekonnen deen 2. ginn. Drëtten ass de Jonas Vingegaard op 27 Sekonne ginn.
De Mathieu van der Poel huet et gepackt, fir de giele Maillot ze verdeedegen. Den Hollänner huet eng staark Leeschtung gewisen an ass um Enn mat engem Retard vun 31 Sekonnen de gudde 5. ginn. Am General huet de van der Poel eng Avance vun 8 Sekonnen op de Pogacar.
E Mëttwoch war de Bob Jungels, dee jo aus gesondheetleche Grënn net konnt un den Depart vum Tour goen, Invité an der Live-Emissioun. De Lëtzebuerger huet sech no senger Operatioun optimistesch gewisen.
1 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:32:00
2 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:19
3 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 0:27
4 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 0:30
5 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 0:31
6 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step 0:37
7 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:44
8 CATTANEO Mattia Deceuninck - Quick Step 0:55
9 PORTE Richie INEOS Grenadiers ,,
10 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 1:00 49.455
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 25 16:51:41
2 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 0:08
3 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 0:30
4 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:48
5 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 1:21
6 LATOUR Pierre Team TotalEnergies 1:28
7 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 1:29
8 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 1:43
9 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 1:44
10 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 1:48