De Portugis konnt sech am Sprint op der Arrivée behaapten.

Op der fënnefter a leschter Etapp vun der Volta a la Communitat Valenciana ass et eng Victoire fir de Rui Costa ginn, dee sech domat och d'Victoire am General séchert. No 93.2 Kilometer konnt hie sech op der Arrivée zu Valencia virum Hollänner Arensman Thymen duerchsetzen. Siwe Sekonne méi spéit ass de Samuele Battistella als Drëtten op d'Arrivée komm.

De Bob Jungels ass op der leschter Etapp mat engem Retard vun 10:25 Minutten net klasséiert ginn. Seng Plaz am General ass fir de Moment nach net bekannt.

Top10 - 5. Etapp

1 COSTA Rui 2:07:16
2 ARENSMAN Thymen ,,
3 BATTISTELLA Samuele 0:07
4 SOLER Marc ,,
5 CICCONE Giulio 0:21
6 BILBAO Pello 0:23
7 MCNULTY Brandon 0:28
8 WRIGHT Fred 0:30
9 MOHORIČ Matej ,,
10 FRAILE Omar ,,

Generalklassement

1 COSTA Rui 19:10:06
2 CICCONE Giulio 0:16
3 GEOGHEGAN HART Tao 0:19
4 BILBAO Pello 0:21
5 VLASOV Aleksandr 0:25
6 GLOAG Thomas 0:34
7 LANDA Mikel 0:40
8 MCNULTY Brandon 0:45
9 ARANBURU Alex 0:46
10 RODRÍGUEZ Carlos ,,