Fir déi 4. Etapp vu Paris-Nice goung et e Mëttwoch iwwer 165 Kilometer vu Saint-Amand-Montrond op La Loge des Gardes.

Den Radej Pogacar huet sech uewenaus bei der Arrivée um Sommet d'Victoire geséchert, dat eng Sekonn virum David Gaudu. De Podium gouf komplettéiert vum Gino Mäder, deen e Retard vu 34 Sekonnen hat.

De Bob Jungels gouf den 23. op 1 Minutt a 50 Sekonnen, de Kevin Geniets ass als 31. mat engem Retard vun 2 Minutten a 47 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer, iwwerdeems de Michel Ries sech als 39. op 4 Minutten an 42 Sekonne klasséiert an den Alex Kirsch gëtt de 70. op 11 Minutten an 52 Sekonnen.

Duerch d'Victoire ass de Pogacar dann elo och den neie Leader am General, do huet de Slowen 10 Sekonnen Avance op den David Gaudu a schonns 44 Sekonnen op de Jonas Vingegaard.

Am General ass de Bob Jungels den 18. op 2 Minutten a 16 Sekonnen, de Kevin Geniets den 30. op 3 Minutten a 56 Sekonnen, den Alex Kirsch den 61. op 13 Minutten an 20 Sekonnen an de Michel Ries de 65. op 14 Minutten an 42 Sekonnen.

Déi éischt 10 vun der Etapp:

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 GAUDU David Groupama - FDJ 0:01
3 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 0:34
4 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:42
5 VAUQUELIN Kévin Team Arkéa Samsic 0:43
6 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
7 BARDET Romain Team DSM 0:51
8 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
9 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
10 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,

D'Top 10 am General:

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 GAUDU David Groupama - FDJ 0:10
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:44
4 YATES Simon Team Jayco AlUla 0:56
5 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 1:19
6 BARDET Romain Team DSM 1:40
7 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
8 JORGENSON Matteo Movistar Team 1:42
9 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 1:44
10 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla 1:54