Fir déi 7. Etapp vu Paris-Nice goung et e Samschdeg iwwer 142,8 Kilometer vun Nice op de Col de la Couillole.
Hei konnt den Tadej Pogacar sech no engem spannende Schluss vun der Etapp virum David Gaudu an dem Jonas Vingegaard duerchsetzen. Mat enger Avance vun 2 respektiv 6 Sekonnen huet de Slowen seng Avance am General domat um Col de la Couillole kënnen ausbauen.
De Bob Jungels ass mat engem Retard vu 4 Minutten a 59 Sekonnen den 18. ginn. De Michel Ries gouf den 29. op 13 Minutten an 28 Sekonnen, wärend de Kevin Geniets als 38. mat engem Retard vu 17 Minutten a 26 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer ass. Den Alex Kirsch konnt d'Etapp iwwerdeems wéinst Krankheet net op en Enn fueren, genausou wéi dräi vu senge Coequipieren.
Am General huet den Tadej Pogacar seng Avance domat weider ausgebaut. De slowenesche Leader huet elo ee Virsprong vun 12 Sekonnen op den David Gaudu a vun 58 Sekonnen op de Jonas Vingegaard.
De Bob Jungels klëmmt am General op déi 17. Plaz mat engem Retard vu 7 Minutten a 27 Sekonnen. De Kevin Geniets ass den 29. op 21 Minutten a 34 Sekonnen an de Michel Ries ass den 38. op 28 Minutten an 22 Sekonnen.
Déi éischt 10 vun der Etapp:
1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 3:56:08
2 GAUDU David Groupama - FDJ +0:02
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma +0:06
4 YATES Simon Team Jayco AIUla +0:19
5 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost +0:24
6 MÄDER Gino Bahrain - Victorious +0:28
7 BARDET Romain Team DSM +0:30
8 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers +0:38
9 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
10 LATOUR Pierre TotalEnergies +0:53
D'Top 10 am General
1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 21:10:50
2 GAUDU David Groupama - FDJ +0:12
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma +0:58
4 YATES Simon Team Jayco AlUla +1:27
5 MÄDER Gino Bahrain - Victorious +1:59
6 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost +2:20
7 BARDET Romain Team DSM +2:22
8 JORGENSON Matteo Movistar Team +2:32
9 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers +3:08
10 LATOUR Pierre TotalEnergies +3:17
Donieft konnt de Primoz Roglic sech bei der 6. Etapp vun Tirreno-Adriatico am Sprint virum Tao Geoghegan Hart an dem Joao Almeida duerchsetzen. Am General bleift de Slowen soumat de Leader virum Almeida (+0:18 Minutten) an an dem Geoghegan Hart (+0:23).