Bei senger éischter Participatioun bei der Etappe-Course vu Paräis op Nice konnt sech de Slowen direkt als Gesamtgewënner aschreiwen.
Op der leschter Etapp goung et iwwer 118 Kilometer vun Nice op Nice. An enger Zäit vun 2 Stonnen an 51 Minutt konnt sech de Pogacar sech d'Etapp sécheren an de giele Maillot gewannen. Hien hat 33 Sekonnen Avance op d'Plazen 2 an 3, déi un de Jonas Vingegaard an den David Gaudu gaange sinn.
Beschte Lëtzebuerger gëtt den Kevin Geniet, deen als 12. mat engem Retard vun 2:49 Minutten iwwert d'Arrivée gefuer ass. De Bob Jungels a Michel Ries haten iwwer siwe Minutte Retard dat als 34. a 35.
Am Generalklassement ka sech de Pogacar och duerchsetzen. Hei huet hien 53 Sekonnen Avance op den David Gaudu an 1:39 Minutten op den Jonas Vingegaard. Beschte Lëtzebuerger am Generalklassement gëtt de Bob Jungels, deen op der leschter Etapp nach zwou Plaze verluer huet a sech als 19. mat engem Retard vu bal 15 Minutte klasséiert. De Kevin Geniets gëtt den 26 an de Michel Ries gëtt als 37. gewäert.
D'Klassement vun der leschter Etapp
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 2:51:02
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:33
3 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
4 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
5 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
6 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 0:43
7 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
8 BARDET Romain Team DSM ,,
9 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
10 MÄDER Gino Bahrain - Victorious ,,
D'Generalklassement no der leschter Etapp
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 24:01:38
2 GAUDU David Groupama - FDJ 0:53
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:39
4 YATES Simon Team Jayco AlUla 2:14
5 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 2:56
6 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 3:17
7 BARDET Romain Team DSM 3:19
8 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
9 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 4:05
10 HAIG Jack Bahrain - Victorious 4:56
Tirreno - Adriatico
Bei der leschter Etapp vun der 58. Editioun konnt sech de Jasper Philipsen virum Dylan Groenewegen an den Alberto Dainese duerchsetzen. Wéi och scho bei Paris-Nice kënnt dann och an Italien de Gewënner vum General aus Slowenien. Hei hat sech de Primoz Roglic duerchgesat, dee fir déi siwen Etappe ronn 28 Stonnen 38 Minutten an 57 Honnertstel gebraucht huet. Domadder war hien 18 Sekonne méi séier wéi de Portugis Joao Almeida an 23 wéi de Britt Tao Geoghegan Hart.