
© AFP (Archiv)
Am Cyclissem huet d'Lotte Kopecky de Semi-Klassike Nokere Koerse an der Belsch gewonnen.
An dat nëmmen dräi Deeg nodeems hire Brudder Seppe am Alter vu just 29 Joer e Sonndeg stënterlech gestuerwen ass.
D'Vice-Weltmeeschterin aus der Belsch huet sech en solitaire duerchgesat. 28 Sekonne virun der Hollännerin Lorena Wiebes an der Italienerin Marta Bastianelli. D‘Christine Majerus, eng Equipière vum Lotte Kopecky, koum mat engem Retard vun 29 Sekonnen op déi 22. Platz.
Am meeschte gelies