
© AFP (Archiv)
Gewonne gouf d'Etapp am Sprint vun der Gladys Verhulst.
Op der éischter Etapp vum Tour de Normandie a Frankräich kënnt d'Christine Majerus am Sprint op déi 3. Plaz. No 139 Kilometer tëscht Argentan a Bagnoles-de-l'Orne gouf et eng Victoire fir d'Gladys Verhulst aus Frankräich. D'Italienerin Martina Alzina konnt sech als zweet klasséieren.
D'Lëtzebuerger Championne fiert den Tour de Normandie an der Lëtzebuerger Nationalekipp zesumme mam Marie Schreiber, Maïté a Layla Barthels an dem Liv Wenzel. D'Nina Berton ass fir hir Ekipp Ceratizit-WNT Pro Cycling um Depart an ass och no er éischter Etapp Leader am Biergtrikot. D'Course geet iwwer 3 Etappen an dauert bis e Sonndeg.