Den Hollänner konnt sech géint de Filipo Ganna, Wout van Aert an Tadej Pogacar duerchsetzen a déi 41. Victoire a senger Karriär feieren.

De Mathieu van der Poel huet den éischte Klassiker vun der Saison 2023 fir sech entscheet. Hie gewënnt déi 114. Editioun vu Mailand-San Remo duerch eng Attack um Poggio, mat där hien d'Konkurrenz ofgehaangen a verdéngt gewonnen huet. Hie war iwwer eng Rei Kilometer an enger Echappée mat weidere Spëtzeleit wéi Wout van Aert an Tadej Pogacar a konnt d'Grupp mat enger Attack 5,5 Kilometer virun der Arrivée iwwerraschen. Fir de van der Poel war et déi drëtt Victoire bei engem Vëlos-Klassiker an insgesamt déi 41. Victoire a senger Karriär.

Den Italieener Filipo Ganna klasséiert sech als Zweeten, virum Wout van Aert an dem Tadej Pogacar, Gewënner vu Paris-Nice virun enger Woch. Allen dräi haten e Retard vu 15 Sekonnen op de Gewënner.

De Kevin Geniets huet sech no den 294 Kilometer als 29. (+ 32') klasséiert a war domat de beschte Lëtzebuerger. De Luc Wirtgen koum als 82. (+ 4'52'') an den Arthur Kluckers als 109. (+ 7'06'') an d'Zil.

D'Klassement vun der Course

1 VAN DER POEL Mathieu 6:25:23
2 GANNA Filippo 0:15
3 VAN AERT Wout ,,
4 POGAČAR Tadej ,,
5 KRAGH ANDERSEN Søren 0:26
6 PEDERSEN Mads ,,
7 POWLESS Neilson ,,
8 MOHORIČ Matej ,,
9 TURGIS Anthony ,,
10 STUYVEN Jasper ,,
...
29 GENIETS Kevin 0:32
82 WIRTGEN lUC 4:52
109 KLUCKERS Arthur 7:06