E Sonndeg stoung fir den Optakt vum Tour de Suisse zu Einsiedeln en Zäitfueren iwwer 12.7 Kilometer um Programm.

Mat enger Zäit vun 13 Minutten an 31 Sekonne konnt sech de Stefan Küng d'Victoire sécheren. De Schwäizer Coureur vu Groupama - FDJ war um Enn sechs Sekonne méi séier wéi de Remco Evenepoel an zeng Sekonne méi wéi de Wout van Aert. Den Arthur Kluckers ass mat engem Retard vun 42 Sekonnen op eng staark 31. Plaz komm.

E Méindeg geet et da weider mat der zweeter Etapp, op där et iwwer 173.7 Kilometer vu Beromünster op Nottwill geet

D'Klassement vun den Hären

1 KÜNG Stefan 0:13:31
2 EVENEPOEL Remco 0:06
3 VAN AERT Wout 0:10
4 SHEFFIELD Magnus 0:11
5 PRICE-PEJTERSEN Johan 0:17
6 SKJELMOSE Mattias 0:19
7 BISSEGGER Stefan 0:20
8 SOBRERO Matteo ,,
9 ASGREEN Kasper 0:23
10 AYUSO Juan 0:25

31 KLUCKERS Arthur 0:42