Zanter e Mëttwoch sinn zu Berbuerg déi national Championnater am Cyclissem. Nom Zäitfuere ginn de Weekend d'Championen an de Coursë gesicht.

Bei den Häre kann ee gespaant sinn, wien de rout-wäiss-bloen Trikot am Tour de France undoe wäert. Mam Bob Jungels a Kevin Geniets si jo schonn emol offiziell zwee Lëtzebuerger mat dobäi ma och bei den Damme gëtt et spannend.

D'Christine Majerus geet zwar als als Eenzeg bei der Elite mat Kontrakt un den Depart, ma d'Course ze gewanne gëtt net einfach. Mam Nina Berton an dem Marie Schreiber waart eng staark Konkurrenz op d’Coureuse vun der Ekipp SD Worx.

E Mëttwoch war Nina Berton déi Séierst am Contre la montre. Méi séier, wéi Majerus a Schreiber. Dowéinst sinn d’Ambitioune fir e Sonnde kloer definéiert.

Och bei den Hären dierft et spannend ginn. Nodeems de Colin Heiderscheid d'lescht Joer iwwerraschend gewonnen huet, wäerten d'Profie Jungels a Geniets hir Form fir den Tour de France testen. Den Alex Kirsch ass zwar offiziell nach net fir d'Grand Boucle nominéiert, ma e gutt Resultat e Sonnde kéint hëllefen, och seng Participatioun ze confirméieren.

E Sonnden ass den Depart vun den Elite um 14 Auer, Damme ginn um 10 Auer op den Parcours geschéckt. Am Sportjournal e Sonnde kucke mir am Detail op Vëloschampionnat zréck.