D'Victoire war fir den Dän Andreas Krogh Jensen.

E Sonndeg ass ronderëm Munzen deen 3. Grand Prix de Luxembourg fir Juniore gefuer ginn. Den Dän Andreas Krogh Jensen konnt sech no 120 Kilometer op engem wallonnéierte Circuit vun 13 Kilometer d'Victoire sécheren. Mat engem Retard vu 5 Sekonne sinn den Norweger Halvor Utengen Sandstad an den Tschech Pavel Sumpik op d'Éiereplaze gefuer.

De Lëtzebuerger Champion bei de Junioren Oliver Korva ass als beschte Lëtzebuerger den 20. op 6 Minutten a 36 Sekonne ginn.

Schonn e Samschdeg war déi 74. Editioun vum Grand Prix du Général Patton gefuer ginn. Hei gouf et no 124 Kilometer ronderëm Ëlwen eng Victoire fir de Belsch William Graff. Hien huet sech en solitaire viru sengen Equipiere Joshua Cranage a Lars Vanden Heede behaapt. Beschte Lëtzebuerger war och hei den Oliver Korva (Team Lëtzebuerg). Hien ass de 17. op 59 Sekonne ginn.

D'Klassementer vun den zwou Courssen

Grand Prix de Luxembourg

1 JENSEN Andreas Krogh Isorex Cycling Team 3:03:24
2 UTENGEN SANDSTAD Halvor Onder Ons Parike 0:05
3 ŠUMPÍK Pavel Roman Kreuziger Cycling Academy ,,
4 GRUPP Louis Germany ,,
5 VAN DEN BOER Seppe AA Drink Young Lions 0:09
6 CRANAGE Joshua Crabbé Toitures - CC Chevigny Junior ,,
7 TAPIZ Hugo U19 Academy La Pomme Marseille Provence ,,
8 VAN NIEUWENHOVE Lars Isorex Cycling Team 0:14
9 GEERINCK Seppe Crabbé Toitures - CC Chevigny Junior 0:17
10 CARSTENSEN Magnus Isorex Cycling Team 3:14
...
20 KORVA Oliver Luxembourg 1 6:36
DNF KERRENS Alex Luxembourg -
DNF KALWEIT Jonathan Luxembourg -
DNF MASSEN Noah Luxembourg -
DNS URY Fynn Luxembourg -

Hei dat komplett Resultat.

Grand Prix du Général Patton

1 GRAFF William Crabbé Toitures - CC Chevigny Junior 3:11:07
2 CRANAGE Joshua Crabbé Toitures - CC Chevigny Junior 0:46
3 VANDEN HEEDE Lars Crabbé Toitures - CC Chevigny Junior 0:54
4 UTENGEN SANDSTAD Halvor Onder Ons Parike 0:56
5 GRUPP Louis Germany ,,
6 MARKERT Florian Germany 0:59
7 MASSA Dylan U19 Academy La Pomme Marseille Provence ,,
8 GLUDAVS Davis Latvia ,,
9 VAN NIEUWENHOVE Lars Isorex Cycling Team ,,
10 BOCK Max Team Marco Brenner ,,
...
17 KORVA Oliver Luxembourg 4 0:59
DNF URY Fynn Luxembourg -
DNF MASSEN Noah Luxembourg -
DNF KALWEIT Jonathan Luxembourg -
DNF KERRENS Alex Luxembourg -

Hei dat komplett Resultat.