Nom Tour de France vun den Hären, fänkt e Sonndeg zu Clermont-Ferrand dee vun den Dammen un.

Mam Nina Berton an dem Christine Majerus sinn direkt zwou Lëtzebuergerinnen dobäi.

Et ass eréischt déi zweeten Editioun vum Dammen Tour de France an d'Christine Majerus geet och schonn déi zweet Kéier un den Depart.

Fir d'Nina Berton ass et déi éischte Kéier an domadder geet ee groussen Dram an Erfëllung:

"Et ass surreal, fir ze denken, datt ech e Sonndeg um Depart vum Tour de France stinn. Virun engem Joer sinn ech nach als Supporterin vum Christine Majerus an den Tour gaangen. Et ass nach net reell, ech mengen dat kënnt réischt e Sonndeg."

Genee wéi bei den Hären ass och bei den Dammen den Tour de France de gréisste sportleche Rendez-vous vun der Saison. Déi Bescht vun de Beschten sinn um Depart. Fir d'Nina Berton gëtt et dofir och ee kloert d'Zil.

"Ukommen ass dat éischt grousst d'Zil. Awer och kucken, fir mat der Ekipp, schéi Resultater ze maachen. Et ass mäin éischten Tour de France, mee ech denken awer, datt ech mech och wëll weisen."

An der Ekipp vun DS Worx ass och nees d'Christine Majerus mat dran. Fir si, respektiv der Lëtzebuerger Championne hir Ekipp, ass d'Zil méi héich gesat:

"Ech si mir bewosst, datt dat grousst Zil ass, fir de General mam Demi Vollering ze gewannen. Do ass keng Plaz, fir kleng eegen Ambitiounen. Dat ass awer absolut kee Problem fir mech. Mäi perséinlecht Zil ass et, fir gutt duerch den Tour ze kommen a meng Form wärend dem Tour nach weider opzebauen a mat enger gudder Form, aus dem Tour erauszekommen. Ech hoffen dann, um Enn vun der Saison nach bei där enger oder anerer Course meng eege Kaarte kënnen ze spillen an dat mat enger besserer Form, wéi dat déi lescht Wochen de Fall war."

Am Ganze ginn 8 Etappe gefuer. D'Christine Majerus ass der Meenung, datt den Tour dëst Joer méi schwéier ass wéi dee vum leschte Joer:

"Och wann um Pabeier just eng richteg Biergetapp dobäi ass, esou ginn et awer 2-3 Etappen, déi engem Léck- Baaschtnech-Léck gläichen. Mat deene waarme Temperaturen, déi mir den Ament hunn, wäert et och nach een Tick méi schwéier ginn. Ech erwaarden, datt et ganz schwéier Etappe ginn."

Den Depart vum Tour de France Femmes ass e Sonndeg zu Clermont-Ferrand. D'Arrivée no ronn 960 Kilometer dee Sonndeg drop zu Pau.