E Méindeg goung et fir d'Coureuren iwwer 162 Kilometer vu Wałbrzych op Duszniki-Zdrój. Dobäi goung et och iwwer 3 Bierger vun der zweeter Kategorie.

Um Enn ass de Rafal Majka vun UAE Team Emirates als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Dat virum Matej Mohoric vu Barhain Victorious, dee seng éischt Plaz am General behält an dem Michael Kwiatkowski vun INEOS Grenadiers.

De Michael Ries koum mat engem Retard vun 33 Sekonnen op déi 40. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 MAJKA Rafal UAE Team Emirates 4:07:55
2 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious ,,
3 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers ,,
4 VAN WILDDER Ilan Soudal - Quick Step ,,
5 ONLEY Oscar Team dsm firmenich ,,
6 SCARONI Christian Astana Qazaqstan Team ,,
7 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ ,,
8 VENDRAME Andrea AG2R citroën Team ,,
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
10 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe ,,
...
40 RIES Michel Team Arkéa Samsic +0:33

De General

1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 13:14:56
2 MAJKA Rafal UAE Team Emirates + 0:10
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
4 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers +0:12
5 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step +0:20

...
38 RIES Michel Team Arkéa Samsic +2:13