Eigentlech sollt e Mëttwoch déi 1. Etapp gefuer ginn, ma wéinst de Bauereprotester gouf déi annuléiert.

Deemno war déi 2. Etapp den eigentlechen Optakt vun der Etoile de Bessèges. Hei konnt sech den U23-Weltmeeschter Axel Laurance (Alpecin-Deceuninck) géint de Mads Pedersen (Lidl-Trek) an der leschter Montée Richtung Arrivée duerchsetzen.

Den 22 Joer jonke Fransous iwwerhëlt dann och elo als Éischten de Leader-Trikot, nodeems déi 1. Etapp jo wéinst de Baueremaniffen ofgesot gouf.

Drëtte gouf de Kévin Vauquelin (Arkéa-B&B Hotels), dat virum Lëtzebuerger Kevin Geniets (Groupama-FDJ).

Duerch Bonifikatiounen huet de Kevin Geniets am General 10 Sekonne Retard op de Laurance.

Den Arthur Kluckers fiert mat engem Retard vun 1min12 als 57. iwwert d'Arrivée, den Alex Kirsch als 70. op 1min47.

D'Resultater vun der 2. Etapp

1 LAURANCE Axel Alpecin - Deceuninck 3:57:10
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
3 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels ,,
4 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
5 ROCHAS Rémy Groupama - FDJ 4 0:04
6 VAN MOER Brent Lotto Dstny ,,
7 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:07
8 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 BERCKMOES Jenno Lotto Dstny 0:11
...
57 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:12
70 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:47

De General

1 LAURANCE Axel Alpecin - Deceuninck 3:57:00
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 0:04
3 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0:06
4 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:10
5 ROCHAS Rémy Groupama - FDJ 0:14
6 VAN MOER Brent Lotto Dstny ,,
7 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:17
8 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 BERCKMOES Jenno Lotto Dstny 0:21
...
4 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:10
57 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:22
70 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:57