Konkurrenz keng Chance geloossFem van Empel séchert sech de Weltmeeschtertitel

RTL Lëtzebuerg
Op der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Tabor an Tschechien sinn e Samschdeg weider Titele verdeelt ginn.
© AFP

Bei den Dammen huet d’Fem van Empel hirer Konkurrenz keng Chance gelooss. D’Hollännerin huet d’Course direkt vun Ufank un dominéiert an huet déi gutt 50 Minutten iwwer keen Zweiwel gelooss, datt si sech de WM-Titel séchere wäert. Um Enn huet d’Fem van Empel dann och hire WM-Titel verdeedegt. Si konnt sech op de leschte Meter feiere loossen an ass mat enger Avance vun enger Minutt an 20 Sekonnen op hir Landsfra Lucinda Brand iwwert d’Arrivée gefuer. D’Puck Pieterse huet als Drëtt de komplett hollännesche Podium perfekt gemaach. Si hat e Réckstand vun enger Minutt a 54 Sekonnen.

Bei de Junior-Dammen huet sech d’Célia Gery aus Frankräich de Weltmeeschtertitel geséchert. Si hat eng Avance vu 5 Sekonnen op d’Brittin Cat Ferguson. Um Podium stoung nach d’Slowakin Viktoria Chladonova op 14 Sekonnen.

Bei den U23-Häre gouf et e Succès fir den Hollänner Tibor Del Grosso. Sëlwer a Bronze sinn un déi zwee Belsch Emiel Verstrynge a Michels Jente gaangen. Si haten e Réckstand vu 27 Sekonnen.

E Sonndeg geet et da weider mat de Courssen. Um 11.05 Auer sinn d’Juniore gefuerdert. Fir Lëtzebuerg ginn de Lëtzebuerger Champion Rick Meylender, de Yannis Lang an de Jonah Flammang un den Depart. Um 12.35 Auer ass et dann un den U23-Damme mam Marie Schreiber, déi Chancen op eng Medail huet, a Liv Wenzel. Dës Course kënnt Dir live op RTL kucken. An zum Schluss ginn um 14.35 Auer d’Elite-Hären op de Circuit geschéckt.

RTL-Artikel: Cyclocross-WM zu Tabor: Lëtzebuergerin fiert ëm Podium bei den U23-Dammen
RTL-Artikel: Circuit vu Cyclocross-WM anescht wéi erwaart: “Ech wollt elo do kee Risiko agoen”, sou d’Marie Schreiber no der Reconnaissance
RTL-Artikel: Cyclocross: Sportler a Federatioun héich motivéiert fir d’WM
RTL-Artikel: Cyclocross: FSCL huet Selektioun fir Weltmeeschterschaft annoncéiert

Back to Top
CIM LOGO