A Spuenien hu keng 130 Vëlosfuerer bei enger Amateurscourse opginn

© pexels.com / Pixabay
Ugangs Mäerz war a Spuenien déi 6. Etapp vum Interclub-Championat vun Vinalopó, enger Etappecourse fir semiprofessionell Cyclisten an Amateuren.
Hei soll d'Annonce vun enger Doppingkontroll dofir gesuergt hunn, dass 130 vun den 180 Coureuren, déi un den Depart gaange waren, opginn hunn. Dat wuel fir der Kontroll ze entgoen. Eng Noriicht, déi séier d'Ronn gemaach huet. Quasi all grousse Medium gräift se op. Vun Eurosport, iwwer l'Equipe, bis zu Le Soir an nach Dosenden aneren.
Och RTL.lu hat en Artikel publizéiert, an deem et geheescht huet, dass 130 Coureure bei enger Amateurscourse a Spuenien wéinst net-annoncéierten Doppingkontrollen opginn hätten.*
Ma knapps e Mount drop, stelle sech ëmmer méi Froen iwwer déi ominéise Course an déi supposéiert Abandonen. Déi franséisch Sportszeitung L'Equipe huet mat den Organisateure vun der Course an zwee Coureuren, déi matgefuer sinn, geschwat. D'Resultat vun der journalistescher Enquête léisst sech folgendermoossen zesummefaassen: Jo et gouf eng Doppingkontroll a jo, vill Coureure sinn d'Etapp net op en Enn gefuer. Ma eng kausal Relatioun tëscht béide Faite schéngt ausgeschloss.
Mä fänke mer Mol vu vir un. D'Zuelen hu kloer geschéngt: Vun 182 Fuerer, déi sech fir d'Etapp ageschriwwen haten, haten der et um Enn nëmmen 52 iwwer d'Zil gepackt. Dat war dem Journalist Fernando Ferrari vu "Ciclo21" engem groussen Internetportal fir Noriichten aus dem Vëlossport opgefall. Ma domat net genuch: den Zweetplacéierte vun der Etapp hat sech no der Etapp och nach op Instagram opgereegt, dass aner Coureuren opginn hätten, fir eng Doppingkontroll ze ëmgoen. D'Gläichung war séier opgestallt: 130 Abandone plus annoncéiert Doppingkontroll si gläich 130 Abandonen, fir enger Kontroll ze entgoen.
Och RTL hat sech am Artikel iwwer déi supposéiert 130 Abandonen op "Ciclo21" bezunn. Ma wéi l'Equipe elo opgedeckt huet, hat de Fernando Ferrari seng Informatioune wuel net richteg iwwerpréift. Wéi d'Organisateure vun der Course nämlech géigeniwwer der franséischer Sportzeitung erkläert hunn, wier d'Zuel vun den 130 Abandone vu virera falsch gewiescht. Ugefaangen domadder, dass sech zwar 180 Coureure fir d'Course ugemellt haten, awer nëmmen 150 tatsächlech ugetruede waren. Dovunner waren der 52 d'Etapp op en Enn gefuer. Deemno haten 98 Coureuren opginn a keng 130. Dës Zuele wieren den Organisateuren no och um Site vun der Course ze fannen.
Wann ee sech dann nach d'Klassementer aus de leschte Joren ugekuckt hätt, hätt een den Organisateuren no gesinn, dass all Joer nëmmen tëscht 60 a 65 Cyclisten dës Etapp op en Enn fueren. Dat wéinst hirem Profil, deen am Verglach mat den Etappe virdru besonnesch schwéier ass. Ma dëst Joer war et 4 Kilometer virun der Arrivée och nach zu enger Chute komm, déi 8 Fuerer aus der Course geholl huet. Ouni dës wier ee bei 60 Coureure gewiescht, déi d'Etapp gepackt hätten. Eng Zuel, déi also an der Moyenne vun de Jore virdru géif leien.
Schliisslech wier et den Organisateuren no esou gewiescht, dass d'Autoritéiten d'Strooss nëmme fir eng kuerz Zäit späre konnten, sou dass d'Karenzzäit bei nëmmen 3 Minutte louch. Ma well de Parcours esou schwéier war, konnte vill Fuerer d'Etapp net bannent der virgesinner Zäit op en Enn fueren.
Ma och den Zweete vun der Course hat mat de Journaliste geschwat a kloergestallt, dass hie mat sengem Post op Instagram net alleguer d'Coureure gemengt hat, mä nëmmen e puer, déi op eemol kuerz virun der Arrivée ouni ersiichtleche Grond opginn haten. Verdächteg ass an dësem Zesummenhang tatsächlech d'Verhale vun engem ukrainesche Coureur, dee kuerz virun der Arrivée opginn huet, obwuel en deen Ament ënnert den éischte Fënnef war an näischt drop higedeit hat, dass e Schwieregkeeten hätt.
Trotzdeem ass nach ëmmer net kloer, ob d'Noriicht vun der Doppingkontroll tatsächlech bis bei d'Fuerer duerchkomm ass. De Coureur, deen als 40. ukomm war, sot géigeniwwer der l'Equipe jiddwerfalls, dass hien eréischt gewuer gouf, dass eng Kontroll wier, nodeems hien iwwer d'Zillinn gefuer ass.
Den Organisateure war et zum Schluss nach wichteg ze soen, dass si d'Lutte géint den Dopping am Vëlossport ganz eescht géifen huelen. Dëst Joer hätte si d'Kontrollen esouguer extra ugefrot a fir dës bezuelt. Wat e méigleche finanzielle Schued, zu deem et wéinst der Falschmeldung komm ass, betrëfft, hu si gesot, dass dëse sech a Grenzen hale géif. Vill vun hire Sponsore wiere Kolleegen a géife si wéinst esou enger Geschicht net hänke loossen. Ma et wier awer am Allgemengen esou, dass et dem Cyclissem schuede géif, wann esou opgebauschten a falsch Geschichten zirkuléiere géifen.
Fir d'Medien ass eng Geschicht ewéi dës dann e Beispill dofir, wéi séier eng falsch Noriicht sech verbreet an e Rappell, ewéi wichteg et ass, d'Quelle vun enger Nouvelle ganz genee ze iwwerpréiwen.
*Mir hunn den Artikel antëscht vum Site erofgeholl, fir dës falsch Noriicht net weiderzeverbreeden.