NorthCape–Tarifa Bicycle Adventure erfollegräich gemeeschtertNo 7.379 Kilometer ass de Ralph Diseviscourt als Drëtten ukomm

Rich Simon
Den 19. Juni hat sech de Ralph Diseviscourt op de Wee gemaach, fir vum Nordkap an Norwegen op Tarifa a Spuenien ze fueren.

No 21 Deeg, 23 Stonnen a 54 Minutten an no 7.379,74 Kilometer ass de Ralph Diseviscourt bei der NorthCape–Tarifa Bicycle Adventure (NCT) op déi 3. Plaz komm. Gewonnen huet de Fransous Florian (20 Deeg, 9 Stonnen an 39 Minutten), virum Däitsche Jens Volkersdorfer (20 Deeg, 19 Stonnen a 34 Minutten). De Florian huet vun Ufank un der Course säi Stempel opgedréckt. Hien ass d‘Aventure, fir vum nërdlechste Punkt, dem Nordkap an Norwegen, op de südlechste Punkt an Europa, zu Tarifa a Spuenien, ze fueren, mat engem Triathlon-Vëlo ugaangen. Dat huet am Ufank fir bëssen Irritatioun bei deenen aner Konkurrente gesuergt. D‘Rechnung ass awer fir de Fransous opgaangen.

An der éischter Woch louchen de Volkersdorfer an den Dizzy relativ no beieneen. Lues a lues konnt den Däitschen awer een Ecart op de Ralph Diseviscourt erausfueren. Relativ séier gouf kloer, datt sauf imprevue de Podium aus engem Fransous, engem Däitschen an eeben engem Lëtzebuerger géif bestoen. Déi dräi Cycliste waren an enger anerer Liga ënnerwee.

E Reportage iwwer d'Aventure vum Ralph Diseviscourt gesidd Dir e Sonndeg den Owend um 19:00 Auer am Sportjournal op der Tëlee. De Chrëscht Beneké huet den Ultra-Cyclist een Dag laang um Vëlo begleet.

Bei dëser Course, bei där ee keng Hëllef vu baussen däerf kréien, huet den Dizzy vun Dag zu Dag säi Rhythmus besser fonnt. Hie wousst sech gutt anzedeelen. Dat war och wichteg, well d‘Hëtzt ënnerwee zum Deel extrem war. Reegelméisseg sinn Temperaturen op iwwer 40 Grad geklommen. De Ralph huet dofir dacks drop verzicht, fir bei deenen héijen Temperaturen an een Hotel schlofen ze goen. Dormir sous la belle étoile war d'Devise.

© Team Dizzy

D‘Moral um Déifpunkt

Ëmmer nees hat den Dizzy mat Platten ze kämpfen. Dat ass, zesumme mat der Hëtzt, un d‘Moral gaangen. Déi war dann och 3 Deeg virun der Arrivée zimmlech um Déifpunkt. Messagë vu Frënn a Kolleegen hunn hien awer nees opgemontert. Dat war och wichteg, fir déi lescht 1.000 Kilometer vun de ronn 7.400 Kilometer an Ugrëff ze huelen. Och déi hu sech nach eemol als richteg haart Erausfuerderung erausgestallt. Bis op déi lescht Meter hu vill ganz géi Koppen op hie gewaart, déi him souwuel physesch wéi och psychesch alles ofverlaangt hunn.

Pico de Veleta

Eng 300 Kilometer virun der Arrivée stoung nach emol een Highlight um Programm. D‘Streck ass nämlech op de Pico de Veleta a Spuenien, op 3.400 Meter gaangen. Dat ass déi héchst befuerbar Strooss an Europa. Woubäi Strooss een deenbare Begrëff ass. Déi lescht Kilometer hunn nämlech net méi ganz vill mat enger Strooss ze dinn. Den Dizzy huet mussen iwwer Passagë fueren, wou der vill schonns mam Mountainbike Problemer gehat hätten. An awer war hie frou, iwwer dëse mystesche Bierg ze fueren.

Den Dizzy uewen um Pico de Veleta
Déi héchst befuerbar "Strooss" an Europa.

Arrivée zu Tarifa

E Samschdeg den Owend ass de Ralph Diseviscourt no ville Strapazen zu Tarifa ukomm. Op der Arrivée hu säi Brudder Luc a säi Frënd Jean-Paul, genannt Jamper, op hie gewaart. Si zwee sinn déi, déi am dackste bei Coursse vun him dobäi waren. Hir Missioun a Spuenien war, fir de Retour op Lëtzebuerg ze organiséieren. No der Arrivée hat hien a sech geplangt, fir eleng an de Grand-Duché zeréck ze kommen. Dat hat him virun der Course e bësse Kappzerbrieches gemaach.

De Jean-Paul, den Dizzy an de Luc no der Arrivée zu Tarifa (vu lénks no riets)
© Team Dizzy

A sech war d‘Presenz vum Luc an dem Jamper och gläichzäiteg säi Gebuertsdagskaddo. De Ralph Diseviscourt, wéi och seng Fra Florence, haten nämlech wärend der Course Gebuertsdag. Allebéid krute se 50 Joer. An als originale Kaddo gouf d‘Heemrees fir den Dizzy organiséiert.

Fir de Ralph Diseviscourt ass mat der NCT ee Liewensdram an Erfëllung gaangen. Et war déi längste Course, déi hie bis elo a sengem Liewe gefuer ass. Op dat och esou bleift, ass eng aner Fro. Un Iddien dierft et him net feelen, fir och an Zukunft nees déi eng oder aner Erausfuerderung ze fannen.

E puer Zuelen

7.379,74 Kilometer war d‘Streck tëscht dem Nordkap an Tarifa
335,50 Kilometer ass den Dizzy an der Moyenne pro Dag gefuer
20,19 km/h war iwwer déi ganz Streck seng Moyenne um Vëlo
21 Deeg, 23 Stonnen a 54 Minutte war hien ënnerwee
123.216 Meter ass hie biergop gefuer

© Team Dizzy

Weider Artikelen

Back to Top
CIM LOGO