Eng Echappée mat ënnert anerem dem Tom Pidcock a Mathieu van der Poel louch laang un der Spëtzt an konnt sech ni méi wäit wéi 1 Minutt 30 vum Peloton ofsetzen. No engem haarden Kamp ass et um Enn fir si awer sou just duergaangen d'Etappevictoire ënnert sech auszemaachen. Hei war de Mathieu van der Poel de Stäerksten a gewënnt déi 9. Etapp virum Tobias Johannessen, Tom Pidcock an dem Alex Baudin. De Grupp mat de Favoritten am General hat op der Arrivée e Réckstand vu 6 Sekonnen. Am General bleift den Tadej Pogacar a Giel, mat 2 Minutten a 42 Sekonnen Virsprong op den Jonas Vingegaard.
Den Alex Kirsch ass virun allem am Ufank eng couragéiert Course gefuer an huet et ëmmer nees probéiert fir et mat an d'Echappée ze packen. Um Enn klasséiert sech de Lëtzebuerger mat iwwer 17 Minutten Retard op der 129. Plaz. Am General leit de Coureur vu Cofidis op der 101. Plaz.
Wéinst den héischen Temperaturen a Frankräich an der "Alerte Rouge" hunn d'Organisateure vum TDF d'Etapp vun ursprünglech 188,5 km op 155,5 km verkierzt.
Déi lescht Etapp virum Roudag ass duerch de Massif central am Departement Corrèze gaangen. Eng wallonéiert Etapp, bei där 3.300 Héichtemeter op d'Coureure gewaart hunn. An deenen éischte Kilometer goufen et ëmmer nees vill Attacken. Dorënner och den Alex Kirsch (Cofidis), de sech an enger 1. Phase zesumme mam Quinten Hermans a Stefano Oldani vum Peloton ofsetze konnt. Kuerz dorop sollten déi dräi awer nees vum Peloton gestallt ginn, daat well Lidl - Trek fir de Mads Pedersen kee wollt fort loossen. Den Tëschesprint bei Kilometer 44.9 huet dann och de Mads Pedersen virum Biniam Girmay an dem Jasper Philipsen gewonnen.
Am Col Suc au May, e Bierg vun der 2. Kategorie an déi schwéierst Aufgab vum Dag, hu sech ëmmer nees eng sëlleg Coureure versicht ofzesetzen. Schlussendlech konnte sech 8 Léit ofsetzen, dorënner bekannten Nimm wéi Tom Pidcock, Quinn Simmons, Halland Johannessen a Mathieu van der Poel. Méi wéi 1. Minutt 20 Sekonnen krut Grupp awer kee Virsprong vun UAE, déi de Grupp vun de Favoritten em de General ugefouert hunn.
Eng 15 Kilometer virun der Arrivée louchen den Alex Baudin, Mathieu van der Poel, Tom Pidcock a Tobias Johannessen eng 55 Sekonne virum Peloton, an deem sech och de Mads Pedersen opgehalen huet. Et war e haarden Kampf vir Echappée de Virsprong ze halen, wat hinnen bis op d'Arrivée awer geléngen sollt. Am Sprint huet sech dunn den Mathieu van der Poel virum Halland Johannessen duerchgesaat. Mat 6 Sekonnen Retard sinn d'Favoritten am General iwwert de wäisse Stréch gefuer.