
E Méindeg ass zwar Roudag am Tour de France an awer leeën d'Organisateuren d'Been net héich. An der Presenz Direkter Christian Prudhomme gouf de Lëtzebuerger Charly Gaul an engem klengen Duerf am Departement Cantal geéiert.
Am Kader vun der éischter Randonnée Charly Gaul a Frankräich, déi de 26. Mee 2026 zu Junhac als Gedenken un de fréiere Vainqueur vum Tour de France organiséiert gouf, wëllen déi Vëlo-Begeeschterter mat dëser nächster Initiative un den éischte Passage vun der Grande Boucle duerch d'Departement Cantal am Joer 1959 erënneren.
Wéinst enormer Hëtzt war den deemolegen Titel-Verdeedeger am Duerf Junhac stoe bliwwen, fir Waasser aus engem Pëtzt ze drénken. Genau do hänkt elo eng Gedenktafel zu Éiere vum Charly Gaul. Donieft awer och eng Mini-Skulptur, déi an engem méi grousse Format schonn um Col de Pas de Peryal, dem héchste Stroosse-Col am Massive Central, ubruecht gouf.
De Charly Gaul huet ënner anerem 1958 den Tour de France gewonnen. Am Dezember 2005 ass hien am Alter vun 73 Joer gestuerwen.