
Den Tour of Austria fënnt traditionell zäitgläich mam Tour de France statt. Schlussgewenner bei der 75. Editioun ass mam Gregor Mühlberger een Éisträicher.
No 5 Etappen huet de Mühlberger e Virsprong vun 1 Minutt a 25 Sekonnen op den Amerikaner Kevin Vermaerke vun UAE an 1:40 op de Bauke Mollema vu Lidl-Trek.
De Bob Jungels (Netcompany-Ineos) klasséiert sech am Schlussklassement mat engem Retard vun 38 Minutten an 53 Sekonnen op der 71. Plaz. Den Noé Ury an de Loic Bettendorf fueren op d'Plazen 89 an 91, mat jeeweils iwwer 54 Minutte Réckstand op déi 1. Plaz.