Zeeche fir europäeschen ZesummenhaltGrouss Militärparad fir de leschte 14. Juli ënnert dem Emmanuel Macron

RTL mat AFP
Zanter en Dënschdeg de Moie leeft op de Champs-Elysées déi bis elo gréisste Militärparad an der Amtszäit vum Emmanuel Macron, déi och ganz am Zeeche vum europäeschen Zesummenhalt soll stoen.
France's President Emmanuel Macron and General Chief of Staff of the French Armed Forces Fabien Mandon review trooops in the command car during the annual Bastille Day military parade on the Champs-Elysees Avenue in Paris on July 14, 2026.
De franséische President Emmanuel Macron an de Generol Fabien Mandon op der Militärparad op de Champs-Elysées.
© AFP

Den Emmanuel Macron leet en Dënschdeg fir eng leschte Kéier déi traditionell Militärparad fir de "Quatorze Juillet", bei där och d'Ukrain an hir gréisstendeels europäesch Alliéiert am Mëttelpunkt stoe wäerten. Och Lëtzebuerg ass deemno op der Militärparad vertrueden.

Knapp 6.700 Zaldoten, 98 Fligeren, 31 Helikopteren an 315 Gefierer: Nach ni ass sou vill Militär op de Champs-Elysées marschéiert, geflunn a gefuer, woumat "d'Oprëschtung vu Frankräich an dat strateegescht Erwäche vun Europa" gewise gi soll, sou huet et vum Elysée-Palais virum groussen Dag e Méindegowend geheescht.

Een Dag nom Sommet mat 37 Länner vun der "Koalitioun vun de Fräiwëllegen" fir d'Ukrain an der franséischer Haaptstad, éiert Frankräich d'Kontingenter aus all dëse Länner, am Ganze 500 Zaldoten, dorënner och 25 aus der Ukrain. Fir déi franséisch Presidentschaft ass dëst e "staarkt Symbol dofir, dass Europa sech de Geforen an der Welt bewosst gëtt a säi Schicksal selwer an d'Hand huele muss", wärend Russland d'Sécherheet vum Kontinent menacéiere géif an d'Vereenegt Staaten ënnert dem Donald Trump als onberechenbar wouergeholl ginn.

Grouss Militärparad fir de leschte 14. Juli ënnert dem Emmanuel Macron
Knapp 6.700 Zaldoten, 98 Fligeren, 31 Helikopteren an 315 Gefierer: Nach ni ass sou vill Militär op de Champs-Elysées defiléiert.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj a 24 weider europäesch Staats- a Regierungscheffen, dorënner den Däitsche Friedrich Merz, de Britt Keir Starmer, de Pol Donald Tusk, d'Dänin Mette Frederiksen an och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden wäerten un der Parad deelhuelen.

"D'Botschaft, déi mir un d'Welt schécken, heescht: Jo, Fridden ass onst Zil, jo mir schätze Fräiheet a Recht. A jo, mir si prett, fir déi Verdeedegung all Zäit ze kämpfen, noutfalls och mam Blutt", sou de franséische Staatschef bei senger traditioneller Usprooch um Virowend vun Nationalfeierdag.

"Strateegesch Botschaft"

D'Parad gëtt vun der "Patrouille de France" lancéiert, duerno kommen zwee franséisch Mirage-2000-Kampffligeren, wou ukrainesch Kopiloten dra sëtze wäerten, déi a Frankräich ausgebilt goufen. Och Fligeren aus zéng europäesche Länner wäerten deelhuelen.

Bei senger leschter Militärparad als ieweschte Chef vun der Arméi wëll den Emmanuel Macron, deen 2017 och den US-President Donald Trump op senger éischt Parad invitéiert hat, och den Neesopbau vun der Force vum Militär ënnert senger Presidentschaft demonstréieren, wou sech de Budget dofir zanterhier verduebelt huet. "D'Versprieche gouf agehalen, d'Fakte schwätze fir sech an d'Geschicht wäert doriwwer urteelen", huet en e Méindeg betount.

D'Militärprogramm-Gesetz, dat den 1. Juli am Parlament gestëmmt gouf, gesäit fir den Zäitraum 2024-2030 436 Milliarden Euro vir, dat si 36 Milliarden Euro méi wéi an der Fassung, déi 2023 gestëmmt gouf.

Den Aussoe vum Elysée no "ass dës Parad als strateegescht Signal ze verstoen, dat heescht als Botschaft vu Frankräich, datt et iwwer eng muechtvoll Arméi verfüügt, an der Lag ass, als Éischt an e Konflikt anzegräifen an ze kämpfen."

Frankräich wëll dowéinst seng Stäerkt demonstréieren, mat Fligeren, déi mat Waffemodeller ënnert de Flilleken iwwert d'Champs-Elysées fléie wäerten (eng Première fir de 14. Juli). Oder mat Helikopteren, déi "iwwert de Panzere fléie wäerten, fir e bëssen nozestellen, wat um Schluechtfeld geschitt", heescht et aus dem "Elysée-Palais, deen "eng moderniséiert, kampfbereet Arméi" presentéiere wëll.

Am Kader vun der Parad wäerten och déi franséisch Zaldote geéiert ginn, déi am Oste vun Europa stationéiert sinn, virun allem an Estland a Rumänien, sou wéi déi franséisch Marinn, déi hiert 400 Joer laangt Bestoe feiert.

De Virowend vum franséischen Nationalfeierdag zu Paräis
Um Virowend vum 14. Juli gouf et an der franséischer Haaptstad e grousst Freedefeier.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO