Cyclissem Éischte Roudag um Tour de France

Charel Meyers
No 9 Etappe war um Méindeg den éischte Roudag. No der éischter Woch gëtt d'Ekipp UAE Emirates XRG hirer Favoritte-Roll gerecht.
Éischte Roudag um Tour de France
No 9 Etappe war um Méindeg den éischte Roudag. No der éischter Woch gëtt d'Ekipp UAE Emirates XRG hirer Favoritte-Roll gerecht.

Déi éischt Woch vum Tour de France stoung ganz am Zeeche vum der grousser "UAE-Show". Den Optakt mam Ekippen-Zäitfueren zu Barcelona a Spuenien konnt d'Ekipp Visma Lease a Bike mat hirem Leader Jonas Vingegaard gewannen. UAE Emirates XRG an de Weltmeeschter Tadej Pogacar koum hei nëmmen op déi 3. Plaz. Dës Defaite hate se awer net laang op sech sëtze gelooss.

Op der zweeter Etapp vun Tarragona op Barcelona hat den Tadej Pogacar sengem Equipier, dem Isaac del Toro, seng éischten Etappe-Victoire geschenkt. Ma et war dem Weltmeeschter net genuch a sou konnt hien op der Arrivée vun der 3. Etappe selwer d'Hänn an d'Luucht hiewen an an de giele Maillot fueren.

Nodeems een de Maillot Jaune op der 4. Etapp rëm ofginn hat, hat den Tadej Pogacar dunn op der 6. Etapp eng Demonstratioun vun senger Stäerkt hannerluecht. Nom Col d'Aspin hat de Weltmeeschter am Col du Tourmalet alles op eng Kaart gesat. Hei konnt hie senge Kontrahente méi wéi 2 Minutten a 40 Sekonnen ofhuelen an de giele Maillot zeréckhuelen.

Tour de France - 6. Etapp (Resumé)
Tadej Pogacar wënnt en solitaire a fiert an de Maillot jaune

No der Iwwerraschung koum d'Chute

Déi norwegesch Ekipp Uno-X Mobility hat op der 4. Etapp fir déi grouss Iwwerraschung gesuergt. Mam Torstein Traen hate si fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Ekipp de Leader-Trikot am Tour de France. No engem Dag a Giel hat den Norweger am Col du Tourmalet awer de Grupp vun de Favoritte missen zéie loossen. D'Aventure am Maillot Jaune goung op en Enn, dëst duerch eng Chute an der Descente. No der 6. Etapp hat d'Ekipp Uno-X Mobility du kommunizéiert, datt den Torstein Traen eng Gehiererschütterung erlidden an dobäi eng Rëpp gebrach huet. Doropshin hu si decidéiert, dat den Traen dësen Tour de France net méi weiderfuere kann.

Natierlech gouf et an der éischter Woch och méi flaach Etappen, déi fir d'Sprinter a Fro koumen. An do goung kee Wee laanscht den Tim Merlier. Obwuel de Mats Pedersen mat 45 Punkten Avance souverän am Sprinter-Klassement d'Nues vir huet, ass den Tim Merlier aktuell dee Mann mat de séierste Been. Nodeems de Belsch sech am éischte Sprint vum Tour géint den Olav Kooij huet misse geschloe ginn, konnt dëse sech op der 7. an op der 8. Etapp kloer duerchsetzen. Déi nächsten zwou Chancë fir d'Sprinter waarde schonn den nächste Mëttwoch an Donneschdeg.

Tour de France: 8. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Den Tim Merlier huet déi zweet Course hannerteneen am Sprint gewonnen.

Offensiven Alex Kirsch

Déi Lëtzebuerger Faarwe gi jo nëmme vum Alex Kirsch an dëser Editioun vun der Grande Boucle vertrueden. De Lëtzebuerger Coureur, dee fir déi franséisch Ekipp Cofidis fiert, hat sécherlech ee gudden Optakt an dësem 113. Tour de France. Déi 4. Etapp, vu Carcassone op Foix, hat hie sech am Virfeld vum Tour ugekräizt. Hei ass et dem 34 Joer ale Lëtzebuerger gegléckt an d'Echappée ze kommen.

Mat enger offensiver Approche hat sech den Alex Kirsch un der Spëtzt gewisen a konnt sech zäitweis mam Mathias Vacek (Lidl-Trek) a Jan Tratnik (Red-Bull-BORA-hansgrohe) vun der Echappée vum Dag ofsetzen. Den Trio gouf awer 40 Kilometer virun der Arrivée agefaangen an esou ass de Lëtzebuerger als 24. iwwer d'Arrivée gefuer. Déi aner Etappen hat hie sech ganz fir d'Ekipp an hire Sprinter Milan Fretin agesat. Am Generalklassement no der Etapp um Sonndeg ass den Alex Kirsch op der 105. Plaz mat engem Retard vun 1 Stonn, 42 Minutten a 5 Sekonnen.
 

De Bléck op déi nächste Woch

Et bleift weiderhi waarm am Tour de France an d'Canicule mécht de Coureuren ze schaffen. En Dënschdeg um franséischen Nationalfeierdag geet et nach eng Kéier duerch de Massif Central. Duerno geet et iwwer zwou flaach Etappen a Richtung Vogesen an dann an d'Alpen.

Bis bei den nächste Roudag e Méindeg an enger Woch sti fir de Peloton zwou flaach, wallonnéiert an zwou Bierg-Etappe virun der Dier. Notamment déi e Samschdeg mat der Arrivée uewen aus zu Le Markstein Fellering an déi e Sonndeg erop op de Plateau de Solaison gi ganz schwéier.

All d'Etappe vun der Grande Boucle kënnt Dir weiderhi bei eis um éischten RTL an RTL Play vun 15.00 Auer u live kucken.

Back to Top
CIM LOGO