De Jonathan Milan wënnt am Sprint

© LUCA BETTINI AFP
Op der 13. Etapp vum Giro goung et iwwer 179 Kilometer vu Riccione op Cento.
No 4 Stonnen, zwou Minutten an 3 Sekonnen huet den Italiener Jonathan Milan sech am Sprint duerchgesat. Dat virum Stanislaw Aniolkowski aus Polen an dem Phil Bauhaus aus Däitschland.
De Michel Ries ass als 78. iwwer d'Arrivée gefuer. Dat an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner vun der Etapp.
Am General ass den Tadej Pogacar onverännert op der éischter Plaz. Dat virum Daniel Martinez an dem Geraint Thomas. De Michel Ries ass op der 19. Plaz, mat engem Retard vun 33 Minutten a 45 Sekonnen op den Éischten.
D'Klassement vun der 13. Etapp
1 MILAN Jonathan Lidl - Trek 4:02:03
2 ANIOŁKOWSKI Stanisław Cofidis ,,
3 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
4 VAN DIJKE Tim Team Visma | Lease a Bike ,,
5 HOFSTETTER Hugo Israel - Premier Tech ,,
6 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
7 MOLANO Juan Sebastián UAE Team Emirates ,,
8 PITHIE Laurence Groupama - FDJ ,,
9 LONARDI Giovanni Team Polti Kometa ,,
10 DAINESE Alberto Tudor Pro Cycling Team ,,
D'Generalklassement
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 49:24:38
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 2:40
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:56
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:39
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 4:27
6 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 4:57
7 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 5:19
8 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 5:23
9 RUBIO Einer Movistar Team 5:28
10 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 5:52