Domat verdeedegt den Adam Yates am General och seng 1. Plaz viru sengem Teamkomerod Joao Almeida. De Luc Wirtgen fiert op déi 94. Plaz.

E Samschdeg stoung am Tour de Suisse déi 7. Etapp iwwer hiweleg 118.1 Kilometer vu Villars-sur-Ollo op Villars-sur-Ollon um Programm.

Den Norweger Johannes Staune-Mittet huet der Course bis zu 4.1 Kilometer virun der Arrivée säi Stempel opgedréckt, ass dunn awer vum Felix Gall agefaange ginn. Op der leschter Montée vum Dag ass 2 Kilometer virum wäisse Stréch dunn och de Felix Gall agebrach an den Adam Yates huet d'Féierung iwwerholl. De Britt vum UAE Team Emirates huet sech d'Victoire viru sengem Teamkomerod Joao Almeida sécheren. Déi drëtte Plaz ass fir den US-Amerikaner Matthew Riccitello.

Mat engem Retard vun iwwer 16 Minutten fiert de Luc Wirtgen op déi 94. Plaz. Am General leit de Lëtzebuerger op der 95. Plaz op iwwert enger Stonn.

D'Klassement vun der Etapp

1 YATES Adam UAE Team Emirates 3:05:41
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:00
3 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:14
4 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:16
5 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek    0:16
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:16
7 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 0:16
8 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 0:16
9 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team     0:32
10 MAS Enric Movistar Team 0:35

94 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 16:05

De General

1 YATES Adam UAD 19:45:17    -
2 ALMEIDA João UAD 0:31
3 BERNAL Egan    IGD 1:51
4 SKJELMOSE Mattias LTK 2:50    
5 RICCITELLO Matthew IPT 3:02    
6 MAS Enric MOV 3:23    
7 PIDCOCK Thomas IGD    3:54    
8 ONLEY Oscar DFP 4:03    
9 GALL Felix DAT 4:41    
10 KELDERMAN Wilco TVL 4:59

95 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:04:05