De Fransous gewënnt viru sengem Coequipier Frank Van de Broek, mat deem hien iwwer 40 Kilometer eleng ënnerwee war.

De Romain Bardet feiert déi eeleft Victoire a senger Profikarriär, an dat als Fransous beim Tour de France. Säi Coequipier Van de Broek war bei dëser Victoire aus der Echappée eraus eng grouss Hëllef. Et ass och déi éischt Kéier fir de Bardet, dass hien de Maillot Jaune op senge Schëlleren droen däerf.

De Frank Van de Broek an de Romain Bardet haten op der Côte de Montemaggio, knapp 40 Kilometer virun der Arrivée, de Lead iwwerholl, nodeem et eng Rei Echappéeë gouf. Dës Positioun hu si bis op d'Arrivée net méi ofginn. De Peloton hat op de leschte Kilometer d'Lach vun tëschenzäitlech iwwer 2 Minutte bal zougefuer, huet et awer net hikritt, déi zwee Coureure vun dsm-firmenich PostNL anzefänken.

No 206 Kilometer vu Florenz op Rimini huet de Van de Broek sengem Coequipier d'Victoire iwwerlooss, dofir steet den Hollänner un der Spëtzt vum Klassement vun de jonke Coureuren a vum Biergklassement.

De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn nom grousse Peloton iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer. De Bob Jungels gouf 60. op 15:03 an de Kevin Geniets koum als 71. (+ 18:46) un.

Den Tour de France wäert dëst Joer eng éischt Kéier net zu Paräis op de Champs d'Elysée op en Enn goen. Wéinst den Olympesche Spiller zum selwechten Zäitpunkt wäert déi lescht Etapp vun der 111. Editioun un der Côte d'Azur zu Nice ukommen.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Tour de France - 1. Etapp (Resumé)
De Romain Bardet konnt déi éischt Etapp vu Florenz op Rimini aus enger Echappée eraus gewannen.

Resultat

1 BARDET Romain 05:07:22
2 VAN DEN BROEK Frank ''
3 VAN AERT Wout 0:05
4 POGACAR Tadej ''
5 VAN GILS Maxim ''
6 ARANBURU Alex ''
7 PEDERSEN Mads ''
8 EVENEPOEL Remco ''
9 BILBAO Pello ''
10 BETTIOL Alberto ''
...
60 JUNGELS Bob 15:03
71 GENIETS Kevin 18:46

General

1 BARDET Romain 05:07:12
2 VAN DEN BROEK Frank 0:04
3 VAN AERT Wout 0:11
4 POGACAR Tadej 0:15
5 VAN GILS Maxim ''
6 ARANBURU Alex ''
7 PEDERSEN Mads ''
8 EVENEPOEL Remco ''
9 BILBAO Pello ''
10 BETTIOL Alberto ''
...
60 JUNGELS Bob 15:13
71 GENIETS Kevin 18:56