Mischa Bredewold wënnt Zäitfueren, Marie Schreiber bescht Lëtzebuergerin

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing
Op der virleschter Etapp war d'Mischa Bredewold no 31,5 Kilometer déi Séierst. D'Margot Vanpachtenbeke huet de Leadertrikot mussen ofginn.
Beim Zäitfuere ronderëm Altenburg am däitschen Thüringen ass d'Mischa Bredewold déi séierst Zäit gefuer. D'Hollännerin huet déi 31,5 Kilometer an 43 Minutten a 4 Sekonnen hannert sech bruecht a war domat eelef Sekonne méi séier wéi d'Brodie Chapman aus Australien. D'Christina Schweinberger aus Éisträich (+ 22'') huet de Podium komplettéiert.
Dësen Trio huet am Generalklassement e grousse Sprong no vir gemaach, mee fir den Trikot vun der Leaderin ze iwwerhuelen goung et net duer. D'Margot Vanpachtenbeke huet d'Féierung no hirer 46. Plaz mussen un d'Ruth Edwards ofginn. D'Amerikanerin gouf e Samschdeg déi Véiert a réckelt am General eng Plaz no vir.
Bei de Lëtzebuergerinnen, déi bei der 36. Editioun vun der Lotto Thüringen Ladies Tour dobäi sinn, war d'Marie Schreiber déi Séierst. Déi 21-Järeg hat am Zil e Réckstand vun 1:46 op d'Gewënnerin. D'Christine Majerus koum op déi 36. (+ 3:14) an d'Nina Berton op déi 50. Plaz (+ 4:36) ënner 88 Coureusen.
Am General réckelt d'Marie Schreiber ganzer 10 Plazen no vir a steet elo op der 21. D'Christine Majerus verbleift op der 29. Plaz an d'Nina Berton verléiert eng Plaz an ass elo op der 33.
E Sonndeg ass déi lescht Etapp iwwer 105 Kilometer ronderëm d'Stad Schmalkalden.
D'Klassement vun der Etapp
1 BREDEWOLD Mischa 43:04
2 CHAPMAN Brodie 0:11
3 SCHWEINBERGER Christina 0:22
4 EDWARDS Ruth 0:24
5 BENITO Mireia 1:09
6 KRAAK Amber 1:12
7 NIEWIADOMA Katarzyna 1:14
8 BORGHESI Letizia 1:14
9 AHTOSALO Anniina 1:14
10 DIJKSTRA Anneke 1:15
...
21 SCHREIBER Marie 1:46
36 MAJERUS Christine 3:14
50 BERTON Nina 4:36
D'Generalklassement
1 EDWARDS Ruth 13:18:10
2 BREDEWOLD Mischa 2:06
3 SCHWEINBERGER Christina 2:42
4 CHAPMAN Brodie 2:59
5 BENITO Mireia 3:29
6 NIEWIADOMA Katarzyna 3:30
7 BRAND Lucinda 3:31
8 KRAAK Amber 3:32
9 LACH Marta 3:33
10 BORGHESI Letizia 3:34
...
21 SCHREIBER Marie 7:35
29 MAJERUS Christine 8:50
33 BERTON Nina 11:11