De Fransous konnt sech vun Ufank un am Spëtzegrupp halen a wënnt zu Bologna no engem Effort um Enn en solitaire.

No der zweeter Etapp bei der 111. Editioun vum Tour de France huet de Romain Bardet de Maillot Jaune un den Tadej Pogacar verluer. Duerch eng Attack kuerz virun der Arrivée konnt de Slowen sech vum Fransous genuch distanzéiere, fir sech op déi éischt Plaz vum General ze setzen.

Scho kuerz nom Depart zu Cesenatico hate sech zéng Coureuren un der Spëtzt ofgesat an doropshin ee komfortabele Virsprong erausgefuer. Virun allem de Jonas Abrahamsen war hei immens engagéiert an huet sech souwuel Bierg- wéi och Sprint-Punkte geséchert.

De Spëtzegrupp krut sech zwar fir eng gutt Zäit vir gehalen, ma eng schwéier Schlussphas mat zwou Montéeë vu ronn 10 Prozent an och héijen Temperature vun iwwer 30 Grad huet de Grupp awer no an no ëmmer méi opgeléist. Eenzeg iwwreg bliwwen ass um Enn de Fransous Kévin Vauquelin, dee seng Verfolger hannert sech loosse konnt an d'Etapp no knapp 200 Kilometer zu Bologna fir sech entscheet huet. Op déi zweet an déi drëtt Plaz hunn et de Jonas Abrahamsen an de Quentin Pacher mat engem Retard vu 36 an 49 Sekonne gepackt.

De Bob Jungels ass mat engem Retard vu 7 Minutten an 59 Sekonnen op déi 58. Plaz gefuer an de Kevin Geniets ass mat 9 Minutten a 40 Sekonnen de 66. ginn. Am General leien d'Lëtzebuerger op de Plaze 66 a 70.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 VAUQUELIN Kévin 4:43:42
2 ABRAHAMSEN Jonas 0:36
3 PACHER Quentin   0:49
4 RODRÍGUEZ Cristián ,,
5 TEJADA Harold ,,
6 OLIVEIRA Nelson   0:50
7 LAURANCE Axel 1:12
8 TEUNISSEN Mike 1:33
9 HOULE Hugo 1:36
10 CARAPAZ Richard 2:21

58 JUNGELS Bob 7:59

66 GENIETS Kevin 9:40

General

1 POGAČAR Tadej 9:53:30
2 EVENEPOEL Remco ,,
3 VINGEGAARD Jonas ,,
4 CARAPAZ Richard ,,
5 CICCONE Giulio 0:21
6 GALL Felix ,,
7 BERNAL Egan ,,
8 BILBAO Pello ,,
9 PIDCOCK Thomas ,,
10 CICCONE Giulio ,,

66 JUNGELS Bob 20:36

70 GENIETS Kevin 26:00