Op der leschter Etapp hat et d'Christine Majerus an d'Top 10 gepackt an domat d'Plaz am Schlussklassement nach eng Kéier verbesseren.

E Sonndeg stoung beim Lotto Thüringen Ladies Tour déi 6. an domat lescht Etapp mat Depart an Arrivée am däitsche Schmalkalden um Programm. No 105.4 Kilometer hat d'Spuenierin Sandra Alonso um Enn d'Nues vir a konnt sech mat engem klengen Ecart vun zwou Sekonnen op d'Maggie Coles-Lyster an dem Lucinda Brand duerchsetzen.

De Sprint op der Arrivée konnt d'Christine Majerus op enger gudder 9. Plaz ofschléissen. D'Lëtzebuergerin war genee wéi déi lescht Deeg och op der leschter Etapp ëmmer nees vir ze gesinn a war an Echappéë vertrueden, ma keng dovunner sollt duerchkommen. Fir d'Nina Berton stoung um Enn mat engem Retard vun 1:14 Minutt déi 42. Plaz a fir d'Marie Schreiber mat 2:48 Minutten d'Plaz 55.

D'Victoire am General geet un d'Ruth Edwards. D'US-Amerikanerin steet no der ofschléissender Etapp iwwer zwou Minutte virum Mischa Bredewold aus Holland an dem Brodie Chapman aus Australien. D'Christine Majerus krut sech am Schlussklassement duerch den Effort op der leschter Etapp nach vun der 30. op déi 23. Plaz verbessert. D'Marie Schreiber an d'Nina Berton stinn um Enn kuerz hannendrun op de Plaze 27 an 29.

D'Klassement vun der 6. Etapp

1 ALONSO Sandra 2:36:15
2 COLES-LYSTER Maggie 0:02
3 BRAND Lucinda ,,
4 SWINKELS Karlijn ,,
5 AHTOSALO Anniina ,,
6 BENITO Mireia ,,
7 EDWARDS Ruth ,,
8 CONFALONIERI Maria Giulia ,,
9 MAJERUS Christine ,,
10 LACH Marta ,,

42 BERTON Nina 1:14

55 SCHREIBER Marie 2:48

D'Schlussklassement

1 EDWARDS Ruth 15:54:27
2 BREDEWOLD Mischa 2:06
3 CHAPMAN Brodie 2:59
4 BRAND Lucinda  3:25
5 LACH Marta 3:27
6 BENITO Mireia 3:29
7 NIEWIADOMA Katarzyna 3:30
8 KRAAK Amber 3:32
9 BORGHESI Letizia 3:34
10 DRONOVA-BALABOLINA Tamara 3:41

23 MAJERUS Christine 8:50

27 SCHREIBER Marie 10:21

29 BERTON Nina 12:23