E Freideg stoung am Tour de France dat éischt Zäitfueren um Programm.

De Remco Evenepoel huet den éischte Contre-la-montre gewonnen. De Belsch hat op der Arrivée eng Avance vun 12 Sekonnen op den Tadej Pogacar. Drëtte gouf de Primoz Roglic op 34 Sekonnen. De Jonas Vingegaard gouf de 4. op 37 Sekonnen.

De Kevin Geniets klasséiert sech als 72. op 3 Minutten an 31 Sekonnen an de Bob Jungels gouf de 85. op 3 Minutten an 48 Sekonnen.

Am General huet de Pogacar elo nach just 33 Sekonnen Avance op den Evenepoel an 1 Minutt a 15 Sekonnen op de Vingegaard. De Bob Jungels ass de 55. op 36 Minutten a 15 Sekonnen an de Kevin Geniets de 74. op 50 Minutten an 21 Sekonnen.

Iwwer 25,3 Kilometer ass et vu Nuits-Saint-Georges op Gevery-Chambertin gaangen. De Parcours war relativ flaach. Just op der Hallschent vun der Streck gouf et eng kleng Kopp. Déi war awer net esou géi, datt de Contre-la-montre-Vëlo hätt mussen duerch ee Coursevëlo ersat ginn.

No der éischter Tëschenzäit bei Kilometer 8,6 hat den Evenepoel 3 Sekonnen Avance op de Pogacar an 11 Sekonnen Avance op de Vingegaard. No 14,4 Kilometer waren et 10 Sekonnen op de Pogacar an 23 op de Vingegaard. Bei Kilometer 19,9 waren et just nach 6 Sekonnen Avance op de Pogacar, awer 28 Sekonnen op de Vingegaard. De Primoz Roglic louch bei den Tëschenzäiten allkéiers op der 4. Plaz.

An dësem Tour ass nach een zweet Zäitfuere programméiert. Nämlech op der leschter Etapp, wou et iwwer 33,7 Kilometer vu Monaco op Nice geet.

Um Samschdeg steet eng wallonéiert Etapp um Programm. Et kéint sinn, datt d'Echappée vum Dag d'Victoire ënnert sech ausmécht. D'Sprinter gi sech awer sécherlech net vu vir era geschloen. Et geet iwwer 183,4 Kilometer vu Semour-en-Auxois op Colombey-les-deux-Églises.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

D'Resultat vun der Etapp

1 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 28.52,19
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates0.12,36
3 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0.34,32
4 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0.37,44
5 CAMPENAERTS Victor Lotto Dstny 0.51,99
6 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0.52,75
7 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0.53,84
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0.57,19
9 HEALY Ben EF Education - EasyPost 0.59,47
10 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 1.00
...
72 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3.31,14
85 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 3.48,98

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 27:16:23
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:33
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:15
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:36
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:16
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:17
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:31
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 3:35
9 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 4:03
10 VLASOV Aleksandr Red Bull - BORA - hansgrohe 4:36
...
55 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 36:15
74 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 50:21