Op der 11.Etapp vun Evaux-les-Bains op de Le Lioran ass et fir déi zweete Kéier bei dësem Tour richteg biergop gaangen.

Op der 11. Etapp vum Tour de France gouf et uewen op der Schistatioun Le Lioran, no 211 Kilometer, e Succès fir de Jonas Vingegaard, dee sech knapp virum Tadej Pogacar konnt behaapten. De Favoritten-Duo war déi lescht 15 Kilometer vum Dag nëmmen nach zu zwee ënnerwee an ass dunn ëm d'Etappevictoire gesprint. Hei louch den Titelverdeedeger aus Dänemark ëm e puer Zentimeter virum Pogacar.

De Remco Evenepoel ass als Drëtten op 25 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer.

Am General bleift den Tadej Pogacar, deen elo och den Tricot vum beschte Biergfuerer op senge Schëlleren huet, vir. Hien huet elo eng Avance vu 1 Minutt a 6 Sekonnen op de Remco Evenepoel. Drëtten ass de Jonas Vingegaard op 1 Minutt a 14 Sekonnen.
 
De Bob Jungels ass e Mëttwoch als 40. op 17 Minutten a 7 Sekonnen ukomm. De Kevin Geniets hat als 91. e Retard vun 29 Minutten 23 Sekonnen. Am General leie Jungels a Geniets op de Plaze 45 (+1:01'88'') a 65 (+1:19'58'')

Op der 11.Etapp vun Evaux-les-Bains op de Le Lioran ass et fir déi zweet Kéier bei dësem Tour richteg biergop gaangen. 4.350 Héichtemeter op 211 laange Kilometer huet de Peloton missen iwwerwannen. A virun allem déi lescht ronn 50 Kilometer sollte richteg schwéier ginn. Den éischten Deel vun der Etapp bis bei déi méi géi Bierger war fir d'Echappée reservéiert. De Col de Néronne huet dunn alles duerchernee gehäit. D'Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets sinn aus dem Peloton zeréckgefall. Vir an der Echappée ass de Oier Lazkano erausgefuer. Iwwer d'Kopp ewech si Ben Healy a Richard Carapaz erëm bäikomm. Mee genee esou de Grupp Maillot Jaune. Et ass weidergaange mam kuerzen, mee géie Puy Mary. Den Adam Yates ass fir säi Leader Pogacar am Bierg vun der éischter Kategorie alles a Grond a Buedem gefuer. De Mann am Giele Maillot huet vun dëser Aarbecht profitéiert, fir 500 Meter virum Sommet dem Jonas Vingegaard an dem Primoz Roglic fortzefueren. De Col de Pertus, eng Montée vun der zweeter Kategorie, huet dunn eng Virentscheedung bruecht. De Jonas Vingegaard huet nach eng Kéier alles aus sech erausgeholl a kuerz virum Sommet säi grousse Konkurrent erëm agefaangen. De Primoz Roglic an de Remco Evenepoel konnten den Tempo net matgoen a ware geschloen. Nach e Col vun der 3. Kategorie stoung duerno um Programm. Am Duell tëscht Pogacar a Vingegaard gouf et awer keng Attacke méi. Déi 11. Etapp ass no bal 5 Stonnen am Sprint decidéiert ginn. De Vingegaard huet de Sprint ugezunn an huet och resistéiert. De 27 Joer alen Dän huet virum Pogacar gewonnen. De Remco Evenepoel ass als 3. ukomm. De Primoz Roglic huet no enger Chute 55 Sekonne verluer.

De Bob Jungels hat als 40. e Réckstand vun iwwer 17 Minutten an de Kevin Geniets ass als 91. op iwwer 29 Minutten ukomm.

Am General huet den Tadej Pogacar 1 Minutt a 6 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel. De Jonas Vingegaard ass den Drëtten. Am General läit de Jungels op der 45. Plaz an de Geniets ass de 65.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

D'Resultat vun der Etapp

1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 4:58:00
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:25
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:55
5 CICCONE Giulio Lidl - Trek 1:47
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:49
7 YATES Adam UAE Team Emirates ,,
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:55
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:38
...
40 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 17:07
91GENIETS Kevin Groupama - FDJ 29:23

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 45:00:34
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 1:06
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:14
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 2:45
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates 4:20
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:40
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 5:38
8 YATES Adam UAE Team Emirates 6:59
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates 7:09
10 CICCONE Giulio Lidl - Trek 7:36
...
45 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 1:01:08
65 GENIETS Kevin GROUPAMA-FDJ 1:19:58