203 Kilometer, mat dräi Koppe vun der Kategorie 4, stoungen op der Etapp vun Aurillac op Villeneuve-sur-Lot um Programm.

Op der 12. Etapp vum Tour de France gouf et no 203 Kilometer zu Villeneuve-sur-Lot ee Succès am Sprint fir de Biniam Girmay, dee sech konnt virum Wout van Aert behaapten.
 
Déi éischt Attack vum Dag ass op de Konnt vum Kevin Geniets gaangen. De Lëtzebuerger Champion huet direkt um Depart säi Gléck probéiert. Bësse méi spéit sinn de Fransous Thomas Gachignard an de Südafrikaner Louis Meintjes bei de Geniets bäi gefuer. D‘Echappée krut awer net méi wéi 20 Sekonnen Avance a gouf no 10 Kilometer vum Peloton agefaangen. De Lëtzebuerger huet et dunn nach eng Kéier probéiert, mee och dee Versuch, sollt näischt bréngen.
 
D‘Echappée vum Dag mat Madouas, Turgis, Pacher an Abrahamsen huet sech no 20 Kilometer forméiert. Fir de Jonas Abrahamsen war et eng Méiglechkeet, bei den 3 Koppe vun der 4. Kategorie nees Punkte fir de Biergpräis ze sammelen, wat den Norweger och gemaach huet. Um Enn vum Dag ass hien an deem Klassement elo nees punktgläich mam Pogacar. D‘Echappée krut eng Avance vu maximal 3 Minutten an 30 Sekonnen. 41 Kilometer virun der Arrivée, huet et iwwer Radio Tour geheescht "Echappée Terminée".
 
Eng 10 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Chute, wou och de Primoz Roglic dra verwéckelt war. Zesumme mat sengen Equipieren, also och dem Bob Jungels, huet de Sloween probéiert, nees zeréck an de Peloton ze fueren. Dat ass awer net gegléckt. 
 
Fir d‘Sprinter war de Wee no der Chute fräi an hir Equipieren hu si esou gutt wéi méiglech positionéiert. Et koum zu engem Sprint Royal, bei deem sech de Biniam Girmay konnt knapps behaapten.
 
De Bob Jungels a säi Kapitän Primoz Roglic fuere mat engem Retard vun 2 Minutten a 27 Sekonnen iwwer d‘Arrivée kuerz nom Kevin Genietz , deen als 105. op 2 Minutte an 2 Sekonnen ukoum.
 
Am General bleift op den éischte Plazen alles beim alen. Den Tadej Pogacar, behält eng Avance vun 1 Minutt a 6 Sekonnen op de Remco Evenepoel an 1 Minutt a 14 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. De Bob Jungels ass den 45 op 1:03:35  an de Kevin Geniets den 58 op 1:22:00.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty 4:17:15
2 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
3 DÉMARE Arnaud Arkéa - B&B Hotels ,,
4 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
5 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team ,,
6 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck ,,
7 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
8 KRISTOFF Alexander Uno-X Mobility ,,
9 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
10 COQUARD Bryan Cofidis ,,
...
105 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:02
118 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 2:27

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 49:17:49
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 1:06
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:14
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 4:20
5 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:40
6 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 4:42
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 5:38
8 YATES Adam UAE Team Emirates 6:59
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates 7:09
10  CICCONE Giulio Lidl - Trek 7:36
...
45 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 1:03:35
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:22:00