Nächst Victoire fir den Tadej Pogacar
De Sloween huet sech op der Etapp vu Loudenvielle op de Plateau de Beille en solitaire virum Jonas Vingegaard duerchgesat.
Um franséischen Nationalfeierdag gouf et also déi drëtt Victoire an dësem Tour vum Tadej Pogacar. Den Tour-Leader hat eng Attack vum Jonas Vingegaard 10 Kilometer virun der Arrivée paréiert an huet selwer 5 Kilometer virum Zil den Dän ofgehaangen. Déi zwee Favoritten hu sech um leschte Bierg näischt geschenkt. De Pogacar war awer méi staark an hat um Enn e Virsprong vun enger Minutt an 8 Sekonnen op de Vingegaard. Déi drëtt Plaz goung un de Remco Evenepoel.
Am General huet de Pogacar elo méi wéi 3 Minutte Virsprong op de Vingegaard.
De Bob Jungels hat an der Echappée eng gutt Aarbecht fir säin Teamkolleeg Jai Hindley geleescht. Nodeems seng Aarbecht fäerdeg war ass hie seng eege Course gefuer a gouf um Enn de 27. mat engem Retard vun iwwer 22 Minutten. De Kevin Geniets huet ronn 67 Kilometer virun der Arrivée de Grupp mam Maillot jaune misse fuere loossen. Hien huet sech op der 50. Plaz an der Etapp klasséiert.
Am General ass de Jungels den 41. an de Geniets läit op der 61. Plaz.
De Resumé vun der Etapp
Um Sonndeg stoung eng ganz schwéier Etapp iwwer 197,7 Kilometer um Programm. Noenee hunn d'Coureure missen iwwer de Col de Peyresourde, de Col de Menté, de Col de Portet d'Aspet an de Col d'Agnes fueren. Zum Schluss goung et dann op de Plateau de Beille erop.
Ronn 170 Kilometer virun der Arrivée hat sech eng relativ grouss Echappée forméiert, an där de Bob Jungels vill Aarbecht fir säin Teamkolleeg Jai Hindley gemaach huet. D'Ekipp vum Jonas Vingegaard (Team Visma | Lease a Bike) wollt déi 15 Leit un der Spëtzt awer net richteg fortfuere loossen. Nom zweetleschte Col vum Dag ware mam Hindley, Mas, Carapaz, De Plus a Johannesen just nach 5 Coureuren un der Spëtzt. De Grupp vum Maillot jaune hat deen Ament e Retard vu ronn zwou an enger hallwer Minutt.
Mat deem Ofstand goung et och an de leschte Col vum Dag. Op de leschte 15,8 Kilometer hunn d'Favoritten awer den Tempo héich gehalen an hunn der Echappée Sekonn fir Sekonn ofgeholl. 10 Kilometer vun der Arrivée huet de Vingegaard attackéiert a just de Pogacar konnt mam Dän matfueren. No kuerzer Zäit hu si d'Echappée ageholl a sinn déi nächst Kilometer zu zwee un der Spëtzt gefuer. Ronn 5 Kilometer virum Enn vun der Etapp huet de Pogacar de Vingegaard stoe gelooss a sech d'Etappevictoire geséchert. Hien hat e Virsprong vun enger Minutt a 8 Sekonnen op den Dän. Drëtte gouf de Remco Evenepoel mat engem Retard vun zwou Minutten an 51 Sekonnen.
Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.
Resultat
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 5:13:55
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike +1:08
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +2:51
4 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +3:54
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates +4:43
6 YATES Adam UAE Team Emirates +4:56
7 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +5:08
8 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
9 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost +5:41
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team +5:57
...
27 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe +22:03
50 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +41:00
General
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 61:56:24
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike +3:09
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +5:19
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +10:54
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +11:21
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +11:27
7 YATES Adam UAE Team Emirates +13:38
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek +15:48
9 GEE Derek Israel - Premier Tech +16:12
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +16:32
...
41 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe +1:54:52
61 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +2:34:11