Schlussvictoire geet un d'Elisa Longo Borghini

© MARCO ZAC/NurPhoto via AFP
Déi lescht Etapp iwwer 117 Kilometer vu Pescara op L'Aquila gouf vum Kimberley (Le Court) Pienaar gewonnen.
Kimberley (Le Court) Pienaar (AG Insurance - Soudal Team) hat sech aus enger Echappée eraus virum Ruth Edwards (Human Powered Health) an der däitscher Meeschterin Franziska Koch (Team dsm-firmenich PostNL) duerchgesat.
De General gouf no 876,7 Kilometer vun der Italieenerin Elisa Longo Borghini (Lidl-Trek) gewonnen. Op der leschter Etapp ass hir eng 4. Plaz duergaangen. Virun der leschter Etapp hat d'Longo Borghini just e Virsprong vun enger Sekonn op d'Lotte Kopecky (Team SD Worx - Protime). D'Weltmeeschterin huet op der leschter Etapp nach eng Kéier alles probéiert, huet um Enn awer nach weider 20 Sekonnen op d'Italieneerin verluer. De Podium gouf vum Neve Bradbury komplettéiert.
D'Lotte Kopecky kritt awer de Maillot vun der Fuererin mat de meeschte Punkten. De Biergmaillot goung un d'Justine Ghekiere (AG Insurance - Soudal Team) aus der Belsch. D'Neve Bradbury (Canyon//SRAM Racing) war um Enn déi bescht jonk Coureuse.
D'Klassement vun der Etapp
1 (LE COURT) PIENAAR Kimberley AG Insurance - Soudal Team 3:19:08
2 EDWARDS Ruth Human Powered Health ,,
3 KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek +0:25
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +0:29
6 ROOIJAKKERS Pauliena Fenix-Deceuninck ,,
7 BRADBURY Neve Canyon//SRAM Racing ,,
8 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco ,,
9 MEIJERING Mareille Movistar Team +0:32
10 GHEKIERE Justine AG Insurance - Soudal Team ,,
De General
1 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 24:02:16
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime +0:21
3 BRADBURY Neve Canyon//SRAM Racing +1:16
4 ROOIJAKKERS Pauliena Fenix-Deceuninck +2:05
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +2:15
6 NIEDERMAIER Antonia Canyon//SRAM Racing +2:41
7 REALINI Gaia Lidl - Trek +3:41
8 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ - SUEZ +4:31
9 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco +5:17
10 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx - Protime +5:55