De Coureur aus dem Ecuador konnt sech um Enn vun den 177 Kilometer vu Saint-Pau-Trois-Châteaux op Superdévoluy duerchsetzen.

Dat 37 Sekonne virum Simon Yates. De Bob Jungels war laang an der Echappée. Um Enn gëtt hien de 17. op 2 Minutten an 53 Sekonnen. De Kevin Geniets gëtt den 137. op iwwer 27 Minutten.

Nom Passage um Galibier an der éischter Woch, war et um Mëttwoch déi zweeten Alpen-Etapp, déi um Programm stoung. Et huet ganz laang gedauert, bis d‘Echappée vum Dag sech forméiert huet. An der éischter Stonn gouf eng Moyenne vu 49 Stonnekilometer gefuer. Do war et schwéier, sech aus dem Peloton ze detachéieren.

No 57 Kilometer hunn awer, ënnert dem Impuls vum Bob Jungels, véier Coureuren dat fäerdeg bruecht: De Lëtzebuerger selwer, den Tiesj Benoot, de Magnus Cort Nielsen an de Romain Grégoire.

Zu deem Zäitpunkt, huet de Kevin Geniets Hëllef beim Dokter vum Tour gesicht. De Lëtzebuerger Champion, huet et awer zeréck an de Peloton gepackt.

Ee richtege Bon de Sortie kruten d‘Leit an der Echappée net. Rou koum nämlech net an de Peloton. D‘Avance ass nëmmen op eng déck Minutt erop gaangen.

Iwwer de Col de Bayard (2. Kategorie), déi éischter Schwieregkeet vum Dag, sinn de Bob Jungels ass seng Compagnonen aus der Echappée, un der Spëtzt bliwwen.

Um Fouss vum Col du Noyer (1. Kategorie), sinn de Guillaume Martin an de Valentin Madouas, bei de Grupp mam Bob Jungels bäigefuer. Méi spéit sinn nach e puer aner Coureure bäikomm. De Simon Yates huet als éischt, aus dem Spëtzegrupp attackéiert. De Bob Jungels konnt net reagéieren. Just de Richard Carapaz, konnt op de Britt opschléissen. Virum Sommet vum Col du Noyer konnt de Yates d‘Rad vum Carapaz net méi halen.

De Peloton mat de Favoritten am General, huet et an der zweeter Hallschent vun der Etapp méi roueg ugoe gelooss. Si haten näischt mam Ausgang vun der Etapp ze dinn. An awer huet den Tadej Pogacar nees am Col de Noyer attackéiert. An der Descente sinn de Jonas Vingegaard an de Remco Evenepoel awer nees bei de Slowen bäigefuer. Um Enn konnt den Evenpoel e puer Sekonnen am General guttmaachen an de Pogacar konnt dem Vingegaard e puer Sekonnen ofhuelen. Am General huet den Tadej Pogacar elo eng Avance vun 3 Minutten an 11 Sekonnen op de Jonas Vingegaard a 5 Minutten an 9 Sekonnen op de Remco Evenepoel. De Bob Jungels ass den 38. an de Kevin Geniets de 67.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat vun der Etapp

1    CARAPAZ Richard  EF Education - EasyPost  4:06:13
2    YATES Simon Team Jayco AlUla 0:37
3    MAS Enric Movistar Team 0:57
4    DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 1:44
5    ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL ''
6    MARTIN Guillaume Cofidis 2:36
7    CORT Magnus  Uno-X Mobility 2:38
8    POELS Wout Bahrain - Victorious 2:39
9    JEGAT Jordan TotalEnergies ''
10    ARANBURU Alex Movistar Team ''

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 70:21:27
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike +3:11
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +5:09
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +12:57
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +13:24
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +13:30
7 YATES Adam UAE Team Emirates +15:41
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek +17:51
9 GEE Derek Israel - Premier Tech +18:15
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +18:35
...
38 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe +1:50:22
67 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +2:54:02