E Freideg ass et op der 19. Etapp iwwer ganz schwéier 144 Kilometer vun Embrun erop op Isola 2000 gaangen.

Den Tadej Pogacar huet e Freideg d'Kinneksetapp an den Alpen gewonnen a seng véiert Victoire an dësem Tour de France gefeiert. De Mann am Maillot Jaune hat e Virsprong vu 24 Sekonnen op de Matteo Jorgensen. D'Decisioun war an der Schlussmontée gefall. Eng zwee Kilometer virun der Arrivée hat den Tadej Pogacar mam Matteo Jorgensen de leschte Coureure aus der Echappée agefaangen an direkt stoe gelooss. Drëtten ass de Simon Yates op 57 Sekonne ginn. De Remco Evenepoel an de Jonas Vingegaard sinn op de Plaze 5 a 6 iwwert d'Arrivée gefuer an haten e Réckstand vun enger Minutt an 42 Sekonnen.

Am General huet den Tadej Pogacar seng Avance domadder weider ausgebaut. De Slowen huet elo e Virsprong vu fënnef Minutten an dräi Sekonnen op de Jonas Vingegaard a siwe Minutten an eng Sekonn op de Remco Evenepoel.

De Bob Jungels ass e Freideg als 33. op ronn 20 Minutten ukomm. Fir de Kevin Geniets war et déi 58. Plaz op ronn 30 Minutten. Am General ass de Jungels de 36. op ronn 2 Stonnen an 11 Minutten, an de Geniets den 71. op ronn 3 Stonnen an 31 Minutten.

3 Deeg virun der Arrivée zu Nice haten d'Coureuren op der 19. Etapp nach ee richtege Plat de Résistance um Menü stoen. Direkt 3 Mol ass et iwwer Colle vun iwwer 2.000 Meter gaangen. Ugefaange mam Col de Vars op 2.109 Meter, duerno den héchste Punkt an dësem Tour, mat der Montée vun der Cime de la Bonette, an zum Schluss ass et nach erop op Isola gaangen op 2.024 Meter.
 
Nom Depart zu Embrun huet sech eng 22 Mann staark Echappée forméiert. An där waren direkt 3 Leit aus dem Jonas Vingegaard senger Ekipp mat dran. Déi Echappée ass an der Montée vum Col de Vars auseneegefuer, aner Coureure wéi Jay Hindley, Simon Yates a Richard Carapaz sinn awer bei d'Spëtzeleit bäi gefuer. Uewen um Sommet hat de Grupp, eng Avance vun 3 Minutten a 34 Sekonnen op de Peloton Maillot Jaune, mat awer och dem Bob Jungels. De Kevin Geniets hat eng 50 Sekonne Retard op dee Peloton.
 
Am Virfeld gouf sech vill vun der bal 23 Kilometer laanger Montée, erop op d'Cime de la Bonette, erwaart. Geschitt ass awer näischt. Et goufe weeder Attacke vum Vingegaard, nach vum Pogacar. Uewen op 2.802 Meter huet de Richard Carapaz sech nees Punkte fir de Biergpräis geholl. De Grupp ronderëm de Maillot Jaune hat virun der Descente ee Retard vun 3 Minutten a 40 Sekonnen op d'Spëtzeleit. De Bob Jungels hat iwwer 7 an de Kevin Geniets iwwer 13 Minutte Retard.

An der Schlussmontée ass d'Echappée dunn auserneegefall. 13,5 Kilometer virun der Arrivée huet de Matteo Jorgensen attackéiert an déi aner Coureuren distanzéiert. Am Grupp Maillot Jaune huet de Leader Pogacar 9,5 Kilometer virum Sommet seng Konkurrenten ëm eng Plaz um Podium distanzéiert a sech op de Wee no vir bei de Spëtzemann gemaach. Deen Ament hat hien nach e Réckstand vu ronn 3 Minutten op de Jorgensen. De Slowen ass d'Schlussmontée an engem ganz héijen Tempo eropgefuer an huet Coureur ëm Coureur aus der Echappée iwwerholl. Zwee Kilometer virun der Arrivée ass de Pogacar dunn och laanscht de Jorgensen gaangen an huet sech um Enn d'Victoire en solitaire geséchert.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

D'Resultat vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 4:04:03
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:21
3 YATES Simon Team Jayco AlUla 0:40
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:11
5 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 1:42
6 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
7 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:00
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
9 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 2:52
10 GEE Derek Israel - Premier Tech 3:27
...
33 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 20:34
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 30:13

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 78:49:20
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 5:03
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 7:01
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 15:07
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 15:34
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 17:36
7 YATES Adam UAE Team Emirates 19:18
8 GEE Derek Israel - Premier Tech 21:52
9 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 22:43
10 CICCONE Giulio Lidl - Trek 22:46
...
36 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 2:11:06
71GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:31:36