Sam Watson wënnt lescht Etapp, Matteo Trentin mat Schlussvictoire

© VIRGINIE LEFOUR / BELGA MAG / Belga via AFP
Op der 5. a leschter Etapp vum Tour de Wallonie am Cyclissem, gouf et eng Victoire fir de Britt Sam Watson. Den Alex Kirsch gouf den 15ten op 4 Sekonnen.
Den Arthur Kluckers huet opginn. De General war fir den Italiener Matteo Trentin. Den Alex Kirsch koum op déi ganz gutt drëtte Plaz, mat engem Retard vu 15 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
01 WATSON Sam Groupama-FDJ 04:47:48
02 STRONG Corbin Israel-Premier Tech + 04
03 KIELICH Timo Alpecin-Deceuninck + 04
04 TESFAZION Natnael Lidl-Trek + 04
05 HAGENES Per Strand Team Visma | Lease a Bike + 04
06 DEWULF Stan Decathlon AG2R La Mondiale + 04
07 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team + 04
08 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team + 04
09 MOLARD Rudy Groupama-FDJ + 04
10 CANAL Carlos Movistar Team + 04
...
15 KIRSCH Alex Lidl-Trek +04
...
Opginn: KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team
De General
01 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team 22:02:46
02 STRONG Corbin Israel-Premier Tech + 00
03 KIRSCH Alex Lidl-Trek + 15
04 DEWULF Stan Decathlon AG2R La Mondiale + 18
05 WANDAHL Frederik Red Bull-BORA-hansgrohe + 18
06 CLARKE Simon Israel-Premier Tech + 18
07 CANAL Carlos Movistar Team + 19
08 TESFAZION Natnael Lidl-Trek + 19
09 MOLARD Rudy Groupama-FDJ + 19
10 TEUNS Dylan Israel-Premier Tech + 19
Am RTL-Interview huet den Alex Kirsch sech ganz zefridde gewise mat sengem Resultat. E wier an deen Tour gaangen, fir vu senger gudder Form ze profitéieren a sech och e bëssen z'ameséieren an Efforte maachen. Dass en dunn no der 3. Etapp sou gutt am General stoung, huet natierlech och e bësse säi Verhalen an der Course geännert an en en huet en Aen opgehalen, fir eventuell nach eng Geleeënheet ze fannen, sech nach ze verbesseren. Um Enn sollt et Plaz 3 am Generalklassement ginn. Elo geet de Fokus da Richtung Olympesch Spiller zu Paräis.